Hugin a Munin

mythologesch Kueben

Hugin a Munin (och heiansdo Huginn a Muninn) heeschen déi zwéi Kueben déi den Odin begleeden. Si fléien all Dag iwwer dem Odin seng Räicher fir him herno kënnen ze beriichte wat an der Welt lass ass. Hir Bedeitung ass: Gedanken (Hugin) a Gediechtnis (Munin).

Déi zwee Kueben Hugin a Munin op dem Odin senger Schëller an engem islännesche Manuskript aus dem 18. Joerhonnert

Verschiddenes änneren

2004 ass och e Spill am Arun-Verlag erauskomm mam Titel "Hugin & Munin". D'Spill ass eng Versioun vu "Memory" déi op der Germanescher Mythologie baséiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Huginn and Muninn – Biller, Videoen oder Audiodateien