Yeomen Warders of Her Majesty's Royal Palace and Fortress the Tower of London

(Virugeleet vu(n) Yeomen Warders)

D'Yeomen Warders of Her Majesty's Royal Palace and Fortress the Tower of London ass den offiziellen Numm vun de Wiechter vum Tower vu London. Am Vollek gi se Beefeater genannt.

Yeomen Warder

Eigentlech waren d'Yeomen Warders responsabel fir d'Krounbijouen an d'Gefaangen, déi am Tower souzen, ze bewaachen. Hautdesdaags spille se d'Roll vun Touristeguiden a si selwer sinn eng Touristenattraktioun.

Et gëtt der 36. Se mussen alleguer e Minimum vun 22 aktive Joren an der brittescher Arméi gewiescht sinn, an et do bis zum "Sergeant Major" bruecht hunn. Am normalen Déngscht droen d'Yeomen Warder eng donkelblo Uniform mat roudem Kolli. Bei Staatszeremonien oder wann de britteschen Herrscher den Tower besicht, droen d'Beefeater hir rout-gëlle Galauniform, déi där vun de Yeomen of the Guard, engem Deel vun de Bodyguarde vum Herrscher, gläichen.

All Owend, 7 Minutte virun zéng, féiert den Chief Yeoman Warder, d'Ceremony of the Keys am Tower duerch.

Wéinst dem Gunpowder Plot vum 5. November 1605 duerchsichen all Joer virun der éischter Parlamentssëtzung d'Yeomen Warders d'Kellere vum Westminster-Palais.