RGTR-Linn 303
D'RGTR-Linn 303 ass eng interregional Express-Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Kierchbierg - Waasserbëlleg - Igel - Tréier fiert.
Déi fréier Linn 303 fir op Manom, um Terminus um Kierchbierg | |
Bedreiwer | RGTR |
---|---|
Trajet | Kierchbierg - Waasserbëlleg - Igel - Tréier |
Terminus 1 | |
Numm | LUXEMBOURG (Kirchberg), Gare rout. Luxexpo |
Koordinaten | 49° 38’ 10.7’’ N 6° 10’ 29.1’’ O |
Terminus 2 | |
Numm | TRIER, Hauptbahnhof |
Koordinaten | 49° 22’ 44.4’’ N 6° 10’ 13.5’’ O |
Aller | |
Fuerzäit | 47 Min. |
Halten | 15 |
Retour | |
Fuerzäit | 60 Min. |
Halten | 15 |
Takt | |
Méindeg-Freideg | 60 (15) Min. |
Samschdeg | 60 Min. |
Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 118 gefuer. Se ass zäitweis (bis 2017) iwwert d'Halt Mesenich frontière um Park and ride op der Grenz gefuer, mee déi Halt gouf duerno vun der fréierer Linn 119 ugefuer[1].
D'Linn fiert vu méindes bis freides all Stonn, mat zousätzleche Faarten an de Spëtzestonnen. Samschdes gëtt et just e puer Faarten a sonndes fiert d'Linn guer net.
Halten op der Linn
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang 07/2022 publizéiert sinn.)
Fréier Linn 303
ännerenBis …[Wéini ?] war d'Linn 303 eng Linn op der Streck Lëtzebuerg / Kierchbierg - Industriezon Conter - Munneref - Manom (F). Se ass nëmme vu méindes bis freides daagsiwwer am Stonnentakt mat zousätzleche Faarten an de Spëtzestonne gefuer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ligne 303 (RGTR) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ ACHTUNG: NEUER BUSFAHRPLAN FÜR LINIE 118 UND 119 op diegrenzgaenger.lu den 13. Juni 2017 (gekuckt de 4. Mäerz 2018)
All d'Informatioune bezéie sech op de Fuerplang vum 17. Juli 2022