Réimesche Steebroch Kaasselt

Fielsformatioun bei Heeschbreg an der Gemeng Bech

De Réimesche Steebroch Kaasselt ass eng Fielsformatioun am Flouer „Weislaechen“ bei Heeschbreg an der Gemeng Bech.

Réimesche Steebroch Kaasselt
Typ Steebroch, Fielsformatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bech
Plaz Heeschbreg
Adress Weislaechen, Kaasselt
Koordinaten 49°45'32,44"N, 6°19'5,34"O
Statut archeologesch Plaz

Ënnerzeg vum Sandsteeplateau Kaasselt sinn op enger Längt vun ongeféier 130 Meter Spueren ze gesinn, wou an der Réimerzäit Steng ofgebaut goufen. D'Konture vun de Sandsteebléck, déi ofgebaut goufen, sinn op der Fielswand gutt z'erkennen. Heiansdo sinn nach Schroutgriew ((de) Schrotgraben) ze gesinn, mat deenen déi eenzel Bléck op dräi Säite fräigeluecht goufen, fir se dann op der véierter Säit mat Käiler komplett vum Fiels ze trennen.

Déi éischt kuerz Beschreiwung vun dësem Steebroch geet op d'1940er Joren zeréck.

Net wäit vum Steebroch ewech, um Bord vum haitege Bësch, gouf 2016 am Kader vun enger geophysikalescher Prospektioun, e klengt réimescht Gebai entdeckt, dat wuel d'Ateliersgebai vun dësem Steebroch war.

An nërdlechen Ausgang vun Heeschbreg hëlt een, ënnerzeg vun der Heeschbreger Kapell, de macadamiséierte Wee bis an den Dall vun der Häerdbaach (ca. 250 m.), wou een dann no riets an de Bëschwee dréint. Vun hei u geet een der Beschëlderung vum Auto-pédestre N° 2 no. No ronn 320 m. verléisst een de breede Wee a klëmmt den Hiwwel erop; de Wanderwee leeft um Fouss vun engem grousse Sandsteeplateau, deem seng Fielswänn bis op 35 Meter iwwer den Däller eropginn.

No weideren 900 m. spléckt sech de Wee: et kann een entweeder nees erof a Richtung vum Dall goen an dann zeréck op den Ausgangspunkt oder um Tracé vum Auto-pédestre bleiwen, fir bei déi gallo-réimesch Befestegungsanlag ze kommen.

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Réimesche Steebroch Kaasselt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren