Daniel Reding

lëtzebuergesche Professer

Den Daniel Reding, gebuer den 20. Juli 1972 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Professer a Gewerkschaftler.

Daniel Reding
Gebuer 20. Juli 1972
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Lycéesprofesser

No sengem Studium a Lettres classiques zu Paräis op der Sorbonne, huet hien, vun 1996 un, a verschiddene Lycéeën (LNBD, LGL, LTB an LTEtt) zu Lëtzebuerg Franséisch a Latäin ginn. Momentan ënnerriicht hien am Lycée Michel-Rodange.

Tëschent Juni 2008 a September 2017 war hie President vum Exekutivcomité vun der Professeschgewerkschaft APESS. An tëscht 2015 an 2020, souz hie fir d'APESS an der Chambre des fonctionnaires et employés publics.

Publikatiounen änneren

  • Reding, D. (1997). La langue d'Amyot dans les 'Vies des hommes illustres', plus particulièrement dans les "Vies" d'Alexandre le Grand et de Jules César. (Mémoire fin de stage pédagogique Luxembourg et Bonnevoie)

Referenzen an Notten änneren

  1. AGESS - Association générale des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur (F12831) op lbr.lu, gekuckt den 23. Mee 2020