Provënz Friesland
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Provënz Friesland (Westfrisesch: Fryslân) ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Norde vum Land. Déi offiziell Sprooche sinn Hollännesch a Friesesch.
Provënz Friesland | |
---|---|
Basisdaten | |
Land | Holland |
Haaptstad | Leeuwarden |
Flaach |
|
Awunner | 660.000 (2023) |
Bevëlkerungsdicht | 197/km² Land |
Reliounen | Protestantesch: 35 % Kathoulesch: 7 % Islamesch: 1 % |
ISO 3166-2 | NL - FR |
Websäit | Provënz Friesland |
Lag | |
D'Haaptstad ass Leeuwarden (Friesesch: Ljouwert).
D'Provënz Friesland grenzt am Osten un d'Provënze Groningen an Drenthe, am Süden un d'Provënzen Overijssell a Flevoland, am Südwesten un d'IJsselmeer, am Westen an am Norden un d'Watteséi.
Durch den Ofschlossdäich ass se mat Nordholland verbonnen.
Geschicht änneren
Friesland war ee franséischt Departement vun 1811 bis 1814.
Landschaft änneren
Friesland gëtt a 6 verschidde Landschaften ënnerdeelt
- d'Westfriesisch Inselen och Watteninselen genannt mat:
- Ameland (It Amelân)
- Schiermonnikoog (Skiermûntseach)
- Terschelling (Skylge)
- Vlieland (Flylân)
- d'Watteküst
- d'IJsselmierküst
- Südwestfriesland
- d'Déifland an der Mëtt
- d'Bëscher am Südosten
Landwirtschaft änneren
Véizuucht a Mëllechsbetriber si fir Friesland e wichtege Wirtschaftsfakteur.
Friesland ass och d'Heemecht vun enger vun den eelste Päerdsrassen, dem sougenannte Friesepäerd, kuerz Fries genannt.
Gemengen an der Provënz änneren
Zanter 2019 huet d'Provënz Friesland 18 Gemengen.
(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).
- Achtkarspelen (28.000)
- Ameland (3.800)
- Dantumadiel (19.000)
- De Frykse Marren (52.000)
- Harlingen (16.000)
- Heerenveen (52.000)
- Leeuwarden (127.000)
- Noardeast-Fryslân (46.000)
- Ooststellingwerf (26.000)
- Opsterland (30.000)
- Schiermonnikoog (980)
- Smallingerland (56.000)
- Súdwest-Fryslân (91.000)
- Terschelling (4.900)
- Tytsjerksteradiel (32.000)
- Vlieland (1.300)
- Waadhoeke (47.000)
- Weststellingwerf (27.000)
Um Spaweck änneren
Commons: Friesland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Statistieken provincie Friesland, AlleCijfers