Provënz Drenthe
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() | ||||
---|---|---|---|---|
Basisdaten | ||||
Land | Holland | |||
Haaptstad | Assen | |||
Fläch | 2.756,97 km² | |||
Awunner | 483.173 (01. Januar 2005) | |||
Reliounen | Kathoulesch: 8 % Protestantesch: 35 % | |||
ISO 3166-2 | NL - DR | |||
Websäit | Provënz Drenthe | |||
Lag | ||||
![]() |
D'Provënz Drenthe ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Nordoste vum Land. Am Süde grenzt se un d'Provënz Overijssel, am Westen u Friesland, am Norden u Groningen an am Osten un Däitschland.
Drenthe ass zanter 1839 eng eegestännesch Provënz.
D'Haaptstad ass Assen.
LandschaftenÄnneren
Et kann een d'Provënz an dräi Landschaften andeelen:
D'Heedgéigend am WestenÄnneren
Hei fënnt een haaptsächlech arem Sandbiedem. Op deene Biedem huet sech haaptsächlech eng Heedvegetatioun agestallt wou fréier Schof gehale gi sinn. Durch den Asaz vu Kunstdünger sinn déi Biedem méi fruchtbar ginn an d'Schoofszuucht ass no an no duerch Wisen a Felder ersat ginn. Aner Deeler si mat Beem ugeplanzt ginn. Durch grouss Remembrementen huet dat d'Ganzt eng zimmlich geometrisch Andeelung kritt, soudatt vun aler Heedlanschaft net méi vill iwwereg bliwwen ass. Grouss Heedfläche fënnt een nach just am Nationalpark Drentschen Aa am Nordoste vun Assen.
D'MuerenÄnneren
Am Oste vun der Provënz fënnt een vill Mueren, wou Truff ofgebaut gëtt. Fir dat méiglech ze maachen hu missen Entwässerungskanäl ugeluecht ginn. Et gëtt nach zwee grouss Mueren, dat eent ass den Bargerveen am Südosten, an am Südweste läit de Fochteloërveen.
D'KanalgéigendÄnneren
Wëll déi meescht Flëss fir d'Schëffahrt ze kleng waren, sinn ee ganze Koup Kanäl gebaut ginn. Die wichtegst sinn den Drentsche Hoofdvaart, den Noord-Willems-Kanaal, den Hoogeveense Vaart an den Oranjekanaal.
Gemengen an der ProvënzÄnneren
Zanter 1998 huet Drenthe 12 Gemengen.
(Awunnerzuel um Stand vum Dezember 2005).
- Aa en Hunze (25.516)
- Assen (63.323)
- Borger-Odoorn (26.301)
- Coevorden (36.134)
- De Wolden (23.768)
- Emmen (108.638)
- Hoogeveen (54.130)
- Meppel (30.507)
- Midden-Drenthe (33.325)
- Noordenveld (31.578)
- Tynaarlo (31.928)
- Westerveld (19.289)
Um SpaweckÄnneren
Commons: Drenthe – Biller, Videoen oder Audiodateien |