Ofschlossdäich

Den Ofschlossdäich (Hollännesch: Afsluitdijk) ass e groussen, 32 Kilometer laangen Däich an Holland deen tëscht 1927 an 1933 gebaut gouf. E verbënnt Wieringen an der Provënz Nordholland mat Súdwest-Fryslân an der Provënz Friesland. Et ass dat gréisst Bauwierk vun den Aarbechten an der Zuiderzee, déi ënner dem Waasserbauingenieur Cornelis Lely deen déizäit och Transport- a Waasserbauminister war, realiséiert goufen.

Ofschlossdäich
Map of Afsluitdijk.png
Plaz Wieringen
Súdwest-Fryslân
Koordinaten 53°0'N, 5°10'O
Datum vum Bau 1927 - 1932
A Betrib geholl 1933
Typ Gewichtsdamm
Héicht
(iwwer Thalweg)
7,25
Längt 32 000 m
Breet op der Kroun 90 m
Breet op der Basis 190 m
Baseng
Héicht -0,3
Fläch 110 000 ha

Mam Bau vum Däich gouf d'Zuiderzee, e fréiere Golf am Nordmier, vun dësem ofgetrennt, an huet sech an e Séisswaasserséi verwandelt, deen ewell IJsselmeer heescht.

VerkéierÄnneren

Iwwer den Däich geet eng Strooss, déi an den 1970er Joeren zu der Autobunn Rijksweg 7 ausgebaut gouf (andeems d'Plaz ageholl gouf, déi fir eng Eisebunnslinn reservéiert war, déi awer net gebaut gouf). D'Autobunn geet iwwer zwou Dréibrécken, déi de Verkéier ënnerbriechen, wa Schëffer duerch Schleisen vum IJselmeer an d'Nordmier (oder ëmgedréint) fueren.

BillerÄnneren