Paul-Pierre Henry

franséischen Astronom

De Paul-Pierre Henry, gebuer den 21. August 1848 a gestuerwen de 4. Januar 1905, a säi Brudder Prosper-Mathieu Henry, ware franséisch Optiker an Astronomen.

Paul-Pierre Henry
Gebuer 21. August 1848
Nanzeg
Gestuerwen 4. Januar 1905
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom
Famill
Geschwëster Prosper-Mathieu Henry

Nom Doud vum Jean Chacornac waren déi zwéi Bridder mat der Opstellung vu Stärekaarte beopdraagt ginn. Fir d'Aufgab z'erliichteren hu se d'Fotografie benotzt. Déi dozou noutwendeg Instrumenter, inklusiv de groussen Objektiv, hate si selwer hiergestallt. Hinnen ass déi séier Entwécklung vun der Astrofotografie am 19. Joerhonnert wesentlech ze verdanken.

Si hunn ettlech Teleskopen an aner astronomesch Instrumenter hiergestallt. Am [[Observatoire vu Paräis hat jiddweree vun de Bridder siwen Asteroiden entdeckt (kuckt Lëscht vun den Asteroiden). Am November 1885 hu si fir d'alleréischt fotografesch de Reflexiounsniwwel ëm d'Plejaden entdeckt.

No de Bridder gouf en 42 km grousse Moundkrater Henry Freres, de Marskrater Henry, souwéi den Asteroid (1516) Henry genannt.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie