Prinz (Moundkrater)
De Prinz ass en Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit.
Moundkrater Prinz | |
---|---|
![]() De Moundkrater Prinz (Eng Foto vum Lunar Orbiter 5) | |
Eegenschaften | |
Breet | 25,49° N |
Längt | - 44,14° W |
Duerchmiesser | 46,13 km |
Déift | 1020 m[1] |
Selenographesch Längt | 44° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Wilhelm Prinz (1857–1910) |
Genannt am Joer | 1935 |
De Krater Prinz mat de Kratere Herodotus an Aristarchus (LROC-WAC) |
De Krater läit nordëstlech vum prominente Stralekrater Aristarchus am Flaachland vum Oceanus Procellarum.
De Kraterrand ass gréisstendeels iwwerflut. Nëmmen den nordëstlechen Deel ass erhalen. Am Norde läit d'Rillesystem vum Rimae Prinz. Nordëstlech leien d'Montes Harbinger.
NiewekratereÄnneren
Den Niewekrater Prinz A krut en neien Numm: Vera an den Niewekrater Prinz B krut och en neien Numm: Ivan
De Krater Prinz gouf 1935 vun der I.A.U. offiziell nom däitsch-belsche Geolog a Selenograph Wilhelm Prinz genannt.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Prinz op The-Moon Wiki
- Moundkaart Nr 39: De Krater Prinz läit lénks an der Mëtt
ReferenzenÄnneren
- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.