Portal Astronomie/Aktuelles (Archiv 2016)

  • 30. September 2016: Mat engem gezilten Ofstuerz op de Koméit Tschurjumow-Gerassimenko ass d'Missioun vun der Raumsond Rosetta op en Enn gaangen.[1]
  • 30. September 2016: Héichprezis Isotopemiessunge vun engem internationalen Wëssenschaftlerteam hunn erginn, datt déi isotopesch Zesummesetzung chondritescher Meteoritten net, wéi bis elo ugeholl, deener vun der Äerd entspriechen. Deemno huet eis Äerd méi Material vu rout Risestären. [2]
  • 28. August 2016: Beim sonnenächste Stär Proxima Centauri gouf en Exoplanéit entdeckt. Den Objet mat der Bezeechnung Proxima Centauri b ass mat senger ronn 1,3-facher Âerdmass anscheinend eng Superäerd. De Planéit kreest ëm e rouden Zwergstär an der habitabler Zon, soudatt op senger Uewerfläch flëssegt Waasser virkomme kéint. [3] [4]
  • 5. Juli 2016: Am fréie Mueren huet d'NASA-Raumsond Juno de Planéit Jupiter erreecht an ass an e staark elliptesche polaren Orbit ageschwenkt. D'Ofbremse vun der Sond an d'Ëmkreesung vum Jupiter hu keng Problemer gemaach.
  • 11. Februar 2016: Wëssenschaftler hunn deen éischten direkten Nowäis vu Gravitatiounswelle bekanntginn. [5] [6]