D'Kennedybréck zu Léck ass eng Bréck iwwer d'Meuse. Si verbënnt den Zentrum vu Léck mat dem Quartier Longdoz. Et ass déi drëtt Bréck op där Plaz.

Pont de la Boverie 1845

Déi éischt Bréck gouf 1836 gebaut an de 27. Januar 1837 ageweit. Dës Bréck huet net laang gelieft, schonn no 5 Méint ass ee vun de Béi an e Koup gefall.

Du gouf tëscht 1841 an 1843 eng nei Bréck gebaut déi du Pont Neuf oder och Pont de la Boverie genannt gouf. Dës Bréck ass iwwer d'Meuse gaangen, an iwwer een Arem vun der Ourthe. Déizäit war de lénksen Uwänner scho ganz verbaut, um rietsen Uwänner gouf et just e Clubhaus vu Wassersportsfrënn. Dat ass och bis haut bestoe bliwwen als Cluhaus vum Nautica.

Den Éischte Weltkrich hat d'Bréck iwwerlieft, awer am Zweete gouf se an d'Luucht gesprengt, an 1946 gouf eng provisoresch Bréck installéiert. Déi huet hiren Déngscht 12 Joer laang gemaach.

Eng nei Bréck gouf eréischt 1958 ugefaange mat bauen, a si ass 1960 ageweit ginn. No dem Attentat op den amerikanesche President Kennedy krut d'Bréck deem säin Numm.

D'Bréck ass a Cantileverbauweis aus virgespaantem Bëtong opgeriicht ginn, a se steet op zwéi Flosspilieren. Se huet eng Längt vun 120 Meter, an d'Breet vun der Dunn variéiert tëscht 23,7 a 40 Meter.

Et ass eng Bréck déi vill befuer ass, net manner wéi 15.000 Gefierer passéieren se all Dag. (Quell:Ministère de l'Equipement et des Transports)

Hir Nopeschbrécken änneren

 
Kennedybréck vu flossop gesinn

Kuckt och änneren