De Pont de Longdoz ass eng Bréck zu Léck iwwer d'Derivatioun déi de Quartier Longdoz mat Outremeuse verbënnt. Et ass déi véiert Bréck op där Plaz. Et ass eng Boubréck déi an der Cantileverbauweis ausgefouert ass. Iwwer d'Bréck féiert d'Rue Grétry déi um lénksen Uwänner vun der Meuse och op de Pont Kennedy stéisst.

Pont de Longdoz
Geographie
Land Belsch
Plaz Léck
Koordinaten 50° 38’ 12’’ N
      05° 34’ 45’’
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Derivatioun
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 1978


De Pont de Longdoz 1862

Déi éischt Bréck um Longdoz war eng stenge Bréck a gouf 1837 gläichzäiteg mat dem Pont de la Boverie gebaut. Si ass am Ufank iwwer d'Ourthe gaangen, an iwwer e klenge Kanal. Wéi d'Aarbechte fir d'Derivatioun gemaach goufen, ass d'Kanalbecke verschwonnen, awer un der Bréck ass näischt geännert ginn.

Géint 1884 gouf déi stenge Bréck duerch eng Eisebréck ersat, déi hirersäits 1939 engem neie Modell Plaz gemaach huet.

Wéi 1975, d'Quaië vun der Derivatioun nei amenagéiert goufen, gouf dunn déi haiteg Bréck gebaut. Dës Bréck huet 6 Piste fir de Verkéier, a gläichzäiteg goufen op den Uwänner Unterführungen, Trémie genannt matgebaut, déi et erlaben, datt de Verkéier parallel zur Derivatioun kräizungsfräi ka funktionéieren.

Well déi zwéin Äerm vun der Bréck wäit an den Uwänner erareechen, an dëse mat héije Mauere verbaut ass, kann e knapps d'Hallschent vun der Bréck, déi op nëmmen engem Flosspilier steet, gesinn.

Kuckt och änneren