Polneschen nationalen Onofhängegkeetsdag

Den nationalen Onofhängegkeetsdag (polnesch: Narodowe Święto Niepodległości) ass de polneschen Nationalfeierdag, als Erënnerung un d'Restauratioun vun der polnescher Souveränitéit als Zweet Polnesch Republik, déi am Joer 1918 aus der Trennung vu fréiere polneschen Deeler vum däitschen, éisträicheschen a russeschem Räich ervirgaangen ass an deen den 11. November gefeiert gëtt.

Feierlechkeete beim Graf vum Onbekannten Zaldot

No den Deelungen am spéiden 18. Joerhonnert war Polen 123 Joer laang bis zum Enn vum Éischte Weltkrich ënner den Nopeschlänner opgedeelt. Deen Dag gëtt net a Pole geschafft.

Den Dag gouf 1937 fir d'éischt gefeiert an du gouf dofir den 11. November festgehalen.

Nom Zweete Weltkrich gouf den Nationalfeierdag op den 22. Juli verluecht, als Erënnerung un d'Verëffentlechung vum Manifest vum kommunistesche Lubliner Kommitee, den 22. Juli 1944. 1989 gouf en nees op den 11. November zeréckverluecht.

Historeschen Hannergrond änneren

Entscheedend fir d'Restauratioun vun der polnescher Onofhängegkeet war d'Néierlag oder d'schwaach militäresch Situatioun vun den dräi Besatzungsmuechten.[1] A Russland war Revolutiounsduercherneen a Biergerkrich, Éisträich-Ungarn war amgaangen auserneenzefalen an d'Däitscht Räich huet dem Drock vun den Entente-Muechte missen noginn [2]. Dat war fir Polen eng eenzegaarteg Chance fir seng Onofhängegkeet erëmzekréien.

Eckdaten änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Poland celebrates 99th anniversary of independence
  2. Zieliński, H., Historia Polski 1914-1939 [Geschicht vu Polen 1914–1939], Wrocław: Zakład Narodowy im. Ossolińskich 1983, ISBN 9788304007123
  3. De Piłsudski hat am Juli 1917 am Kader vum Kinnekräich Polen den Eed op de Keeser refuséiert a gouf dofir an de Prisong gesat, wat awer nëmme just säi gudden Numm bei de Pole gestäerkt huet
  4. Websäit vum Józef Piłsudski Musée zu Sulejówek Archivéiert op 2018-02-25. Gekuckt de(n) 2018-11-13.
  5. Traité vu Versailles, Sektioun VIII, Art.87-93 SS.55-62