Graf vum Onbekannten Zaldot

E sougenannt Graf vum Onbekannten Zaldot ass eng Commemoratiounsplaz fir gefalen Zaldoten, deenen hir stierflech Iwwerreschter net identifizéiert konnte ginn.

Zeremonie zu Moskau virum Graf vum Onbekannten Zaldot 2005.

D'Traditioun ass nom Éischte Weltkrich opkomm, wou duerch den Asaz vu Massenzerstéierungswaffe vun de Läiche vun ettlechen Zaldoten sou gutt wéi näischt méi erëmzefanne war. Fir eng Plaz ze hunn, wou ee sech u si erënnere kann, goufen den 11. November 1920 zu Paräis beim Arc de triomphe an zu London, an der Westminster Abbey, e Graf mat de stierflechen Iwwerreschter vun engem Zaldot, deen net identifizéiert konnt ginn, ageweit.

Zanterhier gëtt et an enger ganzer Rëtsch Länner sou Griewer.

Um Spaweck

änneren
Commons: Graf vum Onbekannten Zaldot – Biller, Videoen oder Audiodateien