PoliScan speed
PoliScan speed ass e Radar fir d'Kontroll vun der Vitess vun de Gefierer am Stroosseverkéier vum Produzent Vitronic vu Wiesbaden. Fir d'Miesse vun der Vitess gëtt dobäi déi laserbaséiert LIDAR-Technologie (Light Detection and Ranging) benotzt. Mat engem Laserstral gëtt dobäi wärend der Zäit vum Moossen, d'Vitess an d'Positioun vu sämtleche Gefierer am Miessfeld gescannt[1].
De PoliScan speed existéiert als stationären an och als mobile System[2], déi allebéid fir d'Iwwerwaachung vu bis zu dräi Fuerspueren agesat kënne ginn, woubäi d'Miesszäit méi kléng wéi 1 Sekonn pro Gefier ass. Den Aarbechtsberäich vum Apparat läit tëscht 10 a 75 m an de Moossberäich vun der Vitess tëscht 10 an 250 km/h[3].
De System vun där ongeféier 100.000 Euro pro Apparat deierer Poliscan-Famill kann nieft der Vitesskontroll och fir d'Iwwerwaachung vu Verkéiersluuchten oder fir d'automatescht Erkenne vun den Autosplacke benotzt ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: PoliScan speed – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Radars fixes et mobiles op der Websäit vun der Police grand-ducale
- Websäit vum Produzent (de)
- PoliScan Speed für Geschwindigkeitsmessungen zertifiziert. op heise.de (de)
- PTB zertifiziert stationäres PoliScan speed: Digitales Geschwindigkeitsmesssystem misst mehrere Fahrzeuge auf mehreren Spuren Pressecommuniqué vum 5. Juni 2007
- Feelerquot läit bei 20 Prozent
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Laser misst besser – LIDAR in der Verkehrstechnik op vitronic.de
- ↑ Mobile Geschwindigkeitsmessung mit vollautomatischer Erfassung op vitronic.de
- ↑ Stationäre Geschwindigkeitsmessung mit Lasertechnologie op vitronic.de