Planéit Néng (engl. Planet Nine) ass de virleefegen Numm vun engem hypothetesche planéitenaartegen Himmelskierper vun ongeféier zéngfacher Äerdmass, deen am baussenzege Sonnesystem wäit vun der Ëmlafbunn vum Zwergplanéit Pluto ugeholl gëtt. De Planéit gouf net direkt observéiert, e kéint awer eng Äntwert fir déi oppe Froen iwwer d'Ëmlafbunne vu verschiddenen Objeten an der Kuiperceinture sinn. Sechs dovun, dorënner den (90377) Sedna an den 2012 VP113, hunn eng elliptesch Ëmlafbunn, där hire sonnewäitste Punkt an déi selwecht Richtung weist, souwéi e Bunneplang, deen ëm 30 Grad schréi zur Ekliptik steet. Well et zimmlech onwarscheinlech ass, datt et sech dobäi ëm en Zoufall handelt (d'Wahrscheinlechkeet läit bei 0,007 %), gëtt schonn zanter enger gewësser Zäit e grousse Planéit ugeholl, deem seng Ëmlafrichtung entgéintgesat zu der Bunn vun de sechs transneptuneschen Objeten ass an deenen hir Ëmlafbunne beaflosst.

D'Bunne vu sechs transneptuneschen Objeten ëm eis Sonn, mat der hypothetescher Bunn vum néngte Planéit.

Den Hiwäis koum vun Astronome vum California Institute of Technology (Caltech) den 19. Januar 2016.[1] De Konstantin Batygin an de Michael E. Brown hu mat mathematesche Modeller a Computersimulatiounen déi warscheinlech Existenz vu sou engem Planéit beleeë kënnen. Nom Brown läit d'Wahrscheinlechkeet, datt de Planéit existéiert, bei iwwer 90 %. En ass grouss genuch, fir mat entspriechend empfindlechen Teleskopen entdeckt kënnen ze ginn. De Subaru-Teleskop op Hawaii huet scho mat der Sich nom néngte Planéit ugefaangen. De Brown geet dovun aus, datt de Planet an den nächste fënnef Joer entdeckt gëtt.[2]

Ëmlafbunn änneren

D'Ëmlafbunn dierft a ronn zwanzegmol méi grousser Distanz zu der Sonn leien wéi déi vum Planéit Neptun. Den Neptun ass am Ament de baussenzegste bekannte Planéit an eisem Sonnesystem. Hie läit op enger Distanz vun ongeféier 200 bis 1200 astronomesch Eenheeten, dat sinn ongeféier 27 Liichtstonne bis zirka 6,9 Liichtdeeg. Domat wier den néngte Planéit sou wäit vun der Sonn ewech, datt hie fir eng Ëmkreesung wuel 10.000 bis 20.000 Äerdjoer bräicht.

D'Ëmlafbunn vum bis elo nach onentdeckte Planéit kéint waméiglech an der Urzäit vum Sonnesystem méi bei der Sonn wéi haut gewiescht sinn an ass eventuell wéinst der Gravitatiounswierkung vun den anere grousse Planéiten an eng méi grouss Ëmlafbunn versat ginn.[3]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Planet Neun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Konstantin Batygin, Michael E. Brown: Evidence for a Distant Giant Planet in the Solar System. In: The Astronomical Journal. 151, 2016, S. 22.
  2. Ian Sample: Evidence suggests huge ninth planet exists past Pluto at solar system's edge. In: TheGuardian.com. 20. Januar 2016, gekuckt den 20. Januar 2016.
  3. David Nesvorný: Young Solar System´s Fifth Giant Planet? In: The Astrophysical Journal. 742, 2011, S. L22.