Placidus Eringer

lëtzebuergesche Benediktinerpater, Dokter an Apdikter


De Placidus (Karl Franz) Eringer, gebuer den 3. Dezember 1664 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen den 11. Juli 1733 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Benediktinerpater, Dokter an Apdikter.

Placidus Eringer
Gebuer 3. Dezember 1664
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Juli 1733
Iechternach
Aktivitéit Dokter, Apdikter

No sengem Studium zu Lëtzebuerg an zu Tréier huet den Eringer 1682 säin Noviziat an der Benediktiner-Abtei zu Iechternach ënner dem Abt Philippe de la Neuveforge ugefaangen. Wéi en an d'Klouschter agetrueden ass, huet hien, wéi dat Usus war, en neie Virnumm ugeholl an huet sech vun elo Placidus[1] genannt. De 24. Februar 1688 ass hien zu Tréier an der Kierch vum hl. Germanus zum Priister geweit ginn.[2] Bis zu sengem Doud huet den Eringer an der Abtei Iechternach gelieft. 1691 gouf hien "granarius" (Speichermeeschter), a kuerz duerno "cellerarius" (Kellner), d. h. den Ökonom vun der Abtei. Nom Abt an dem Prior war hien domat den drëtte Mann an der Hierarchie vum Klouschter. Enn 1714/ufanks 1715 huet hien dës Charge un de spéideren Abt Grégoire Schouppe ofginn[3].

Den Eringer huet sech awer och als Dokter an Apdikter betätegt an hat an deem Beräich eng Renommee, déi weit iwwer d'Mauere vun der Abtei ewech goung[4]. A senger Bibliothéik stoung eng ganz Rei vu medezineschen, naturwëssenschaftlechen an alchemistesche Wierker[5]. Hie selwer war den Auteur vun enger Kompilatioun a sechs Foliobänn mam Titel "Encyclopaedia nosologico-botanica", déi anscheinend net iwwerlieft, dat am Géigesaz zu sengem Rentebuch vun der Abtei mat der Iwwerschrëft "Protocollum reddituum Monasterii Epternacensis".[6]

De Placidus Eringer huet eng Aart Chronik hannerlooss, déi vu 1682 u bis 1728 geet. Dat entspriechend Manuskript läit am Nationalarchiv[7] an ass 2009 ënner dem Titel "Ephemeriden des Placidus Eringer" vum Pol Schiltz an dem Pierre Kauthen publizéiert ginn[8].

Seng Chronik änneren

  • Placidus Eringer: Ephemeriden des Placidus Eringer. Übersetzung und Kommentar von Pol Schiltz und Pierre Kauthen. Luxembourg, Archives nationales (éd.), Howald, Graphic Press, 2009, 240 S.

Literatur änneren

  • Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S.
  • Kauthen, P. & P. Schiltz, 2005. Deux chroniqueurs d'Echternach: Eringer et Keess. In: récré 21, S. 214-246. [Corrigendum: date de décès correcte de Kees = 31.08.1745, cf. Schiltz & Kauthen 2009: 19.]
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (P. Eringer: S. 444-446).
  • Massard, J.A., 1999. Wissenschaft und Medizin im 18. Jahrhundert in Luxemburg. Bulletin de la Société des Sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, numéro spécial 1, S. 107-126.
  • Massard, J.A., G. Geimer, P. Kauthen & P. Schiltz, 2008. Vom Blaufuß und dem Echternacher Mönch Placidus Eringer. Heimatkalender 2009 Eifelkreis Bitburg-Prüm: 107-113. [1]
  • Schiltz, P., 2009. Gab es in Echternach ein Alchimistenlaboratorium? In: Récré 24, S. 169-185.

Referenzen a Foussnotten änneren

  1. Den hl. Placidus war en Dissipel vum hl. Benedikt
  2. Eringer, S. 25.
  3. Eringer 2009, S. 213, Schiltz 2009, S. 169.
  4. Schiltz 2009, Kugener 2005, Massard 1999, Massard et al. 2008.
  5. Schiltz 2009
  6. Brimmeyr 1923, S. 89.
  7. ANLux
  8. Ephemeriden des Placidus Eringer