Place de l'Université

Plaz zu Esch um Belval

D'Place de l'Université ass eng Plaz am Universtéitsquartier, op der Héichuewenterrass um Belval an der Gemeng Esch-Uelzecht. Si ass d'theoreetesch Verlängerung vun der Porte de France a läit tëscht der Kräizung vun dëser mat der Porte des Sciences an der Avenue des Hauts-Fourneaux.

Place de l'Université
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Esch-Uelzecht
Quartier Belval
Koordinaten 49° 30’ 16.5’’ N
      05° 56’ 57.4’’ O

Geschicht änneren

D'Plaz gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf, fir d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation opzebauen.

Ufanks war s'als Strooss konzipéiert, mä wéi bis d'Maison du savoir gebaut gouf, gouf déi Strooss an d'Plaz ronderëm d'Gebai mat abezunn. D'Plaz ass dicht mat Beem beplanzt, an um westleche Wupp steet, virun engem Waasserbaseng, d'Skulptur Als Erënnerung un d'Leit vun de Schmelzen vum Jhang Meis.

Gebaier änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place de l'Université – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren