Als Erënnerung un d'Leit vun de Schmelzen

Monument um Belval

Als Erënnerung un d'Leit vun de Schmelzen ass eng monumental Skulptur vum Jhang Meis. Si gouf den 3. Dezember 2008 ageweit a steet op der Place de l'Université um Belval.[1]

Als Erënnerung un d'Leit vun de Schmelzen
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Plaz Belval
Koordinaten 49°30'17,6216"N, 5°56'54,4636"O
Material Stol
Kënschtler Jhang Meis

Si besteet aus 3 Palplanchë vu 7, 8 an 9 Meter Héicht, a stellt d'Héichiewen A, B an C op Belval duer. D'Skulptur, déi am Ganzen 10 Tonne schwéier ass, gouf op Initiativ vun der Amicale des Anciens des Hauts Fourneaux A et B de Profil Arbed Belval realiséiert. De Stol kënnt aus de Schmelze vu Belval (Z-Träger) an Déifferdeng (Greyträger).[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Déplacement provisoire de la sculpture sur la Place de l'université à Belval." archiduc.lu, 28.11.2012.