Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Place Nicolas Philippe ass eng Plaz um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Se läit tëscht der Rue Albert Philippe am Norden an - vu Westen a Richtung Oste gekuckt - der Rue Arthur Herchen, der Rue Bernard Haal an der Rue Lemire.

Place Nicolas Philippe
Numm fr: Place Nicolas Philippe
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Postcode 2332
Koordinaten 49° 36’ 33.4’’ N
      06° 06’ 44.1’’ O

Geschicht änneren

D'Strooss gouf nom Nicolas Philippe (1847 - 1916) genannt, dee vun 1897 bis 1899 Member vum Stater Gemengerot an duerno - vun 1900 bis 1914 - Schäffe war[1].

Gebaier änneren

Just een Haus (Nummer 1) huet als Adresse "Place Nicolas Philippe; déi aner Haiser ronderëm d'Plaz gehéieren zu de jeeweilege Stroossen déi op d'Plaz stoussen.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place Nicolas-Philippe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Henri Beck, 1992, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 40: 36