Pierre Toussaint Stéfani

lëtzebuergesche Varietéartist

De Pierre Toussaint Stéfani, gebuer als Peter Toussaint Stéfani[1] de 16. Januar 1872 an der Stad Lëtzebuerg[2], an do gestuerwen den 28. Januar 1932[3], war e lëtzebuergeschen Entertainer mat franséischen Originnen, deen ënner dem Kënschtlernumm de Litty (och nach de Lutty) opgetrueden ass.

Pierre Toussaint Stéfani
Pseudonym Litty, Lutty
Gebuer 16. Januar 1872
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. Januar 1932
Clinique Saint-François
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Bünekënschtler
Famill
Bestuet mat Marie Wagner,
Pauline Blomiser
Papp Toussaint Stéfani
Mamm Maria Speidel

Säi Liewen

änneren

De Pierre-Toussaint war de Bouf vum Toussaint Stéfani (gebuer op Korsika ) an der Maria Speidel. Hie gouf de 6. Februar 1900 mat der Marie Wagner, gebierteg vu Metz, bestuet[4]. Méi spéit, de 6. Dezember 1913, dunn am zweete Bestietnes mat der Kënschtlerin Pauline Blomiser (1885-1965) vu Metz[5][6].
De Pierre-Toussaint huet sech 1893 naturaliséiere gelooss.
Vum Enn vum 19. Joerhonnert un ass de Pierre-Toussaint als professionelle Variété-Artist zu Lëtzebuerg opgetrueden. Spéitstens ëm 1914 huet zu Lëtzebuerg jiddereen de Litty kannt.

Hien ass deels eleng opgetrueden, soss am Duo mat der Victorine Chalois, genannt Bobby (1895-1988) oder am Trio (Trio Litty). 1923 huet hie sech aus dem Variété-Geschäft zeréckgezunn, hat awer vun 1923-1924 de Restaurant Chez Litty zu Munneref. Duerno huet hie bis zu sengem Doud erëm an der Stad Lëtzebuerg gelieft, wou hien de 27. Januar 1932 am Spidol Saint-François um Fëschmaart un enger Bluttvergëftung gestuerwen ass.[2]

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. "Luxembourg, Registres d'état civil, 1796-1941", FamilySearch (https://www.familysearch.org/ark:/61903/1:1:7DBV-MRT2 : Thu Jul 11 15:44:17 UTC 2024), Entry for Peter Toussaint Stéfani and Toussaint Stéfani, 17 Jan 1872.
  2. 2,0 2,1 Georges Urwald 2022 an der Literatur
  3. (fr)Décès.. L'indépendance luxembourgeoise, 62. Jg., nº 49, p. 3. (18.02.1932). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
  4. "Luxembourg, Church and Civil Registration, 1601-1923", FamilySearch (https://www.familysearch.org/ark:/61903/1:1:6LHV-4V37 : Mon Mar 04 21:03:02 UTC 2024), Entry for Peter Toussaint Stéfani and Toussaint Stéfani, 6 Feb 1900.
  5. (fr)Mariages.. In: L'indépendance luxembourgeoise, 43. Jg., nº 347/348, p. 3. (12.12.1913). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
  6. "Luxembourg, Church and Civil Registration, 1601-1923",FamilySearch (https://www.familysearch.org/ark:/61903/1:1:6L8V-G6ST : Mon Mar 04 21:15:49 UTC 2024), Entry for Peter Toussaint Stéfani and Toussaint Stéfani, 6 Dec 1913.