Pierre Decock

lëtzebuergeschen Historiker, Auteur an Illustrateur


De Pierre Decock, gebuer den 19. August 1959 zu Haîne-Saint-Paul (zanter 1977 eng Sektioun vu La Louvière) an der Belsch, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Auteur, Comic-Zeechner, Illustrateur, Moler, Informatiker a Finanzberoder.

Pierre Decock
Gebuer 19. August 1959
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Comicauteur

Hie lieft a schafft zanter 1985 zu Lëtzebuerg (Bollenduerfer Bréck) an huet 2003 déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

Biographie änneren

No sengem Studium an zäitgenëssescher Geschicht op der Bréisseler Universitéit (ULB), huet de Pierre Decock seng Carrière als Historiker ugefaangen. Hien huet verschidden Artikelen iwwer d'Dame blanche publizéiert, e Geheimreseau am Éischte Weltkrich, an eng Biographie vun der Gabrielle Petit, enger belscher Heldin am selwechte Krich.

Als Informatiker a Finanzberoder koum de Pierre Decock 1985 op Lëtzebuerg. Seng Fräizäit huet hie mat Liesen a Mole verbruecht. Hien huet eng Rei Publikatiounen illustréiert a Comicke gemoolt, virun allem an der Kannerzeitung Zack.

Säin éischte Roman, Toccata, ass eng Geschicht à la Da Vinci Code ronderëm eng original Bachpartitur. D'Geschicht spillt zu Lëtzebuerg an a Baden-Württemberg. Toccata gouf 2008 zu Metz mat dem Prix des lecteurs de la Grande Région ausgezeechent.

A sengem zweete Roman, De Profundis, ass de jonke lëtzebuergesche Polizist João Da Costa Rebelo engem Seriekiller op de Feeschten.

Publikatiounen änneren

Romaner änneren

  • Decock, Pierre, 2007. Toccata. 204 p. Op der Lay, Esch-Sauer. ISBN 978-2-87967-146-8.
  • Decock, Pierre, 2009. De Profundis... au seuil des ténèbres je t'attendrai. 140 p. Op der Lay 157. Esch-Sauer. ISBN 978-2-87967-160-4.
  • Decock, Pierre, 2009. K. Nouvelle. pp. 114–119 in: Gréng getëppelt, blo gesträift / Anthologie 2009 des Walfer Bicherdeeg, Luxembourg.
  • Decock, Pierre, 2010. Petite musique de nuit. Nouvelle. pp. 56–61 in: Saz fir Saz / Anthologie 2010 des Walfer Bicherdeeg, Luxembourg.
  • Decock, Pierre, 2010. Les chroniques de Saharane. 205 p. ISBN 978-1-4457-6019-3.
  • Decock, Pierre, 2010. Les mésaventures informatiques de monsieur Bromfiets. 56 p. ISBN 978-1-4452-9434-6.
  • Decock, Pierre, 2011. In Articulo Mortis, Éditions Guy Binsfeld. Luxembourg. 223 p. ISBN 978-2-87954-247-8.
  • Decock, Pierre, 2012. Les corbeaux de Greenwood, Éditions Guy Binsfled, 2012, 136 p. ISBN 978-2-87954-253-9

Kannerliteratur änneren

  • Decock, Pierre, 1996. Den Tun an de Frunnes: Alles an der Rei. Lëtzebuergeschen Text vum Gaston Zangerlé. Zack Publications. Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • Schacht, Luise, 2010. Mam Posti um Tour. Von der Briefpost zum Superhandy. [Zeechnungen: Pierre Decock, René Clement] Luxembourg: Entreprises des postes et télécommunications, 2010, Luxembourg, Impr. Centrale. 36 p. ISBN 978-2-95999980-3-4.
  • Decock, Pierre, 2015. Tun, Frunnes a co: Décke Gas!. Lëtzebuergeschen Text vum Gaston Zangerlé. Ed.Revue, Lëtzebuerg.

Geschicht änneren

  • Decock, Pierre, 1981. La Dame Blanche, un réseau de renseignements de la Grande Guerre, 1916-1918. Mémoire de licence en histoire, Université de Bruxelles.
  • Decock, Pierre, 1987. La Dame Blanche 1916-1918. Revue belge d'histoire militaire XXVII-3: 217-226.
  • Decock, Pierre, 2011. La Dame Blanche. Un réseau de renseignements de la Grande Guerre. 281 p. 1e édition. lulu.com, Raleigh, NC 27607, USA. ISBN 978-1-4452-9704-0.

Literatur änneren

  • Demarque, Jacques, & Pierre Decock, 2008. "Je suis fasciné par la relation entre le passé et le présent... nous sommes l'aboutissement d'une longue histoire...". Paperjam November 2008: 116-118. Lëtzebuerg.
  • Rolland, Marie-Laure, 2008. La partition de tous les dangers. Luxemburger Wort 12. Mäerz 2008.
  • Wilhelm, Frank, 2009. À clavier ouvert... (126) - Le suspect habituel. In: Livres - Bücher (Literaturbäilag vum Tageblatt), Summer 2009. [Source?]

Um Spaweck änneren