Pierre-Toussaint Stefani
De Pierre-Toussaint Stefani, gebuer de 16. Januar 1872 an der Stad Lëtzebuerg[1], an do gestuerwen de 27. Januar 1932, war e lëtzebuergeschen Entertainer mat franséischen Originnen, deen ënner dem Kënschtlernumm de Litty (och nach de Lutty) opgetrueden ass.
Pierre-Toussaint Stefani | |
---|---|
Gebuer | 16. Januar 1872 |
Gestuerwen | 27. Januar 1932 |
Nationalitéit | Frankräich, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Bünekënschtler |
Säi Liewen
ännerenSäi Papp huet vu Korsika gestaamt. Am éischte Bestietnes war hie mat der Lëtzebuergerin Marie Speidel bestuet, duerno mat der Kënschtlerin Pauline Blomiser (1885-1965) vu Metz.
De Pierre-Toussaint huet sech 1893 naturaliséiere gelooss.
Vum Enn vum 19. Joerhonnert un trëtt de Pierre-Toussaint als professionnelle Variété-Artist zu Lëtzebuerg op. Spéitstens ëm 1914 kennt jiddwereen de Litty zu Lëtzebuerg.
Hien ass deels eleng opgetrueden, soss am Duo mat der Victorine Chalois, genannt Bobby (1895-1988) oder am Trio (Trio Litty). 1923 huet hie sech aus dem Variété-Geschäft zeréckgezunn, hat awer vun 1923-1924 de Restaurant Chez Litty zu Munneref. Duerno huet hie bis zu sengem Doud erëm an der Stad Lëtzebuerg gelieft, wou hien de 27. Januar 1932 am Spidol Saint-François um Fëschmaart un enger Bluttvergëftung gestuerwen ass.[1]
Literatur
änneren- Urwald, G., 2022. « De Fausti vun deemools?» BNL – Wëssen entdecken (22): de Lëtzebuerger Ënnerhalungskënschtler genannt de Litty kënnt virun 150 Joer zu Lëtzebuerg op d'Welt. – Die Warte 16|2723 vum 12. Mee 2022, S. 12.