D'Chamber (Hollännesch: Kamer van Volksvertegenwoordigers, Franséisch: Chambre des représentants, Däitsch: Abgeordnetenkammer) ass mam Senat eng vun zwou Kummere vum Federale Parlament vun der Belsch. Op franséisch gëtt se dacks einfach Chambre genannt.

Vue an d'Chamber

An hir ginn d'federal Gesetzer vun der Belsch gestëmmt, déi am ganze Land gëllen. E Gesetz gëllt als gestëmmt wann et d'absolut Majoritéit (50% +1, dat heescht vun op d'mannst 76 Deputéierten) vun de Stëmme krut a wann d'Majoritéit vun den Deputéierte beim Vote present waren (50% vun den Deputéierten + 1).

150 Deputéiert sinn an zwou Sproochegruppen agedeelt: eng franséischsproocheg Grupp an eng hollänneschsproocheg Grupp. Fir déi däitschsproocheg Minoritéit an der Belsch gëtt et keng Grupp; hir Representante sinn un d'francophon Grupp rattachéiert. Am Géigesaz zum Senat ass d'Zuel vun de Membere vun de Sproochegruppen net festgeluecht a ka sech änneren. An der Legislativperiod 2014-2018 gëtt et 63 francophon a 87 hollänneschsproocheg Deputéiert. D'Deputéiert ginn an hire Walkreesser direkt vun der Bevëlkerung gewielt.

Fir kënnen Deputéierten ze ginn, muss e Kandidat véier Konditiounen erfëllen: d'belsch Nationalitéit hunn, seng zivil a politesch Rechter besëtzen, op d'mannst 21 Joer hunn a säi Wunnsëtz an der Belsch hunn. D'Deputéiert gi fir eng Period vu véier Joer gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Belsch Chamber – Biller, Videoen oder Audiodateien