De Philippe Marini, gebuer den 28. Januar 1950, ass e franséische Politiker. Zanter 1987 ass e Buergermeeschter vu Compiègne an zanter 1992 als UMP-Representant vum Departement Oise Member vum franséische Senat.

Philippe Marini
am Joer 2009
Gebuer 28. Januar 1950
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale d'administration,
Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker
Partei Rassemblement pour la République, Union pour un mouvement populaire

Als Rapporter vun der Finanzkommissioun vum Senat huet en 2008 mat zwéi kontroverséierte Virschléi op sech opmierksam gemaach:

  • deen éischte sollt et erméigleche fir Verloschter déi een am Kader vun der Finanzkris op der Bourse gemaach huet vun der Steier ofzesetzen[1],
  • deen zweeten hat als Zil eng Besteierung vu Verkeef tëscht Privatleit iwwer den Internet[2].

International negativ Schlagzeilen huet e provozéiert andeems en den 18. September 2010 géinteniwwer dem Radiosender France Culture ausgesot huet, e géif sech wënschen, "datt den Napoleon III. an de Bismarck am Joer 1867 e Gespréich mat engem aneren Ausgank gehat hätten, soudatt Lëtzebuerg net existéiere géif.... D'Schwächt vum Napoleon III. huet et Lëtzebuerg erlaabt z'existéieren"[3], dëst nodeem datt d'EU-Kommissärin Viviane Reding vun enger méiglecher EU-Infractiounsprozedur wéinst franséische Repressiounsmoossname géint Roma geschwat hat. De lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn huet dës Aussoe vum Marini schaarf verurteelt andeems e géinteniwwer dem DNR erkläert huet, dem Marini säi Gedankegutt wier äusserst blesséierend a geféierlech a seng Aussoe géife bei wäitem alles iwwertreffe wat de Front National seet. D'Buergermeeschtesch vu Veianen Gaby Frantzen-Heger huet als éischt Reaktioun e Studentenaustauschprogramm mat der jumeléierter Gemeng Compiègne op Äis geluecht[4]. Den 20. September 2010 huet de franséische Premier François Fillon säi Lëtzebuerger Homolog Jean-Claude Juncker ugeruff a sech fir d'Aussoe vum Marini entschëllegt, déi net d'Meenung vu Frankräich a vum franséische Vollek erëmgi géifen[5].

Referenzen änneren

  1. Crise boursière: l'amendement Marini (UMP) torpillé par son camp, AFP, 8. Dezember 2008.
  2. "Les ventes entre particuliers sur le Net bientôt taxées ?", Le Point, 18. Dezember 2008.
  3. Jean Asselborn: "Extrem verletzendes und gefährliches Gedankengut", Wort, 19. September 2010.
  4. Vianden legt Studentenaustausch auf Eis, Wort, 20. September 2010.
  5. Frankreich rudert zurück, Wort, 20. September 2010.