Dësen Artikel beschäftegt sech mat der antiker Stad am haitege Jordanien. Fir de Virnumm, kuckt wgl. Petra (Virnumm).

Petra (Griichesch: Πέτρα; "Fiels“, Arabesch: البتراء Nabatäesch warscheinlech Reqmu "déi Rout“), ass eng archeologesch Plaz am haitege Jordanien, déi an der Antikitéit d'Haaptstad vum Räich vun den Nabatäer war. Wéinst hire monumentale Graftempelen, deenen hir Fassaden direkt aus de Fielswänn erausgemeesselt goufen, gëlt s'als en eenzegaartegt Kulturmonument a gouf 1985 op d'Lëscht vun der UNESCO-Weltierfschaft opgeholl.

Petra läit um halwe Wee tëscht dem Golf vun Akaba an dem Doudege Mier, op enger Héicht tëscht 800 an 1350 Meter, gënschteg geleeën op enger Kräizung vu fréieren Handelsweeër, déi Egypten mat Syrien a Südarabien mam Mëttelmier verbonnen hunn. D'Stad war dann och tëscht dem 5. Joerhonnert viru bis zum 3. Joerhonnert no Chr. eng wichteg Handelsplaz, ënner anerem fir Wäirauch.

Um Spaweck änneren

Commons: Petra – Biller, Videoen oder Audiodateien