Petite-Rosselle
franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle
Petite-Rosselle ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, direkt op der Grenz mam Saarland, wou d'Nopeschuertschaft Großrosseln ass.
Petite-Rosselle war déi éischt Uertschaft a Frankräich, wou 1856 Kuel exploitéiert gouf. D'Grouwen hu mëttlerweil all zougemaach. Zu Petite Rosselle goufen déi fréier Grouwe Wendel a Vuillemin zum gréisste Grouwemusée vu Frankräich ëmfontktionnéiert, ënner dem Numm La Mine, musée du carreau Wendel.
Et ass och déi Gemeng, an där déi véier kierzt Stroossennimm a Frankräich virkommen, nämlech d'rue A, rue B, rue C an d'rue F am Quartier Urselsbach.[1]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Pascal Mittelberger. "Dans cette commune de Moselle, les noms de rues sont les plus simples et les plus courts de France." virgule.lu, 29.12.2024.