Peter Schmidhuber

däitsche Politiker

De Peter Schmidhuber, gebuer de 15. Dezember 1931 zu München, a gestuerwen de 26. Dezember 2020, war en däitsche Politiker.

Peter Schmidhuber
Gebuer 15. Dezember 1931
München
Gestuerwen 26. Dezember 2020
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Politiker, Jurist
Partei CSU Bayern

Hien huet tëscht 1951 an 1960 Droit an Ekonomie op der Ludwig-Maximilian Universitéit München studéiert.

Tëscht 1960 an 1966 war hie Member vum Münchener Gemengerot, parallel huet hien am bayresche Finanzministère geschafft. 1965 bis 1969, a vun 1972 bis 1978 war hien Deputéierten am Bundestag. Vun 1978 bis 1987 war hien Deputéierten am bayresche Landtag a bayresche Minister fir Bezéiungen zum Bund an zu Europa ënner dem Franz-Joseph Strauss.

Ënner der Presidence vum Jacques Delors war de Peter Schmidhuber vun 1987 bis 1995 Member vun der Europäescher Kommissioun: Fir d'éischt fir Ekonomie, Statistiken a Regionalpolitik (1987-1989), da fir de Budget an d'Finanzopsiicht (1989-1993) a schlussendlech fir de Budget, d'Finanzopsiicht, Bedruchsbekämpfung an de Kohesiounsfong (1993-1995).

Vun 1995 bis 1999 war hie Member vum Directoire vun der Bundesbank.

Um Spaweck änneren

Commons: Peter Schmidhuber – Biller, Videoen oder Audiodateien