Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergeschen Auteur Peter Faber. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Peter Faber.

De Peter "Péiter" Faber, gebuer de 7. Februar 1900 zu Eech a gestuerwen den 30. Oktober 1975 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Chansonnier, Kabarettist a Kritiker.

Peter Faber
Gebuer 7. Februar 1900
Gestuerwen 30. Oktober 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kabarettist

Vu Beruff war hie Beamte bei der Arbed-Verkafsfilial Columeta. Do huet hien de Poutty Stein kennegeléiert, mat deem hien zesumme Cabaretsowender organiséiert huet. De Péiter Faber huet, dacks ënnert dem Pseudonym Moltonaso (deen e sech wéinst senger markanter Nues ginn huet), Chansonstexter geschriwwen, an d'Musek dozou (oder och zu den Texter vun Aneren, ë. a. vill vum Poutty Stein), komponéiert. Hien huet och Stécker op der Bün virgedroen, war Pianist, Fotograf a Musekskritiker.[2]

Ausserdeem war hie Member vun der Dictionnaireskommissioun an am Scoutissem aktiv, fir déi en notamment déi bekannt Lidder Héich de Bockel vu Gepäck a Fei Leit ginn zu Fouss... geschriwwen huet.[2]

Wierk änneren

  • Peter Faber: Erzählungen. Vorgestellt und kommentiert von Rob Zeimet. Miersch: CNL, 2015 (Neioplo; d'Buch koum fir d'éischt 1939 am Verlag L.N.B. (Luxemburger Nachrichtenbüro) eraus.)

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Germaine Goetzinger: "Peter Faber" op autorenlexikon.lu.]
  2. 2,0 2,1 "Péiter Faber" an der RTL-Serie iwwer Satiriker a Kaberetisten, op rtl.lu, 27.08.2015 - 08:15.