Communauté de Communes du Pays-Haut Val d'Alzette

(Virugeleet vu(n) Pays-Haut Val d'Alzette)

D'Communauté de Communes du Pays Haut-Val d'Alzette (CCPHVA) ass eng Communauté de communes vun 8 franséische Gemengen, wouvun der 6 am Departement Moselle an 2 am Departement Meurthe-et-Moselle leien. Eng "Société de communes" ass eng Rechtsform no franséischem Droit "(établissement public de coopération intercommunale oder EPCI)" där hiert Zil et ass, gemeinsam e Projet um Niveau vun der Landesentwécklung auszeschaffen.

Rout: Déi 6 Gemengen am Departement Moselle, Bordeaux: Thil a Villerupt am Departement Meurthe-et-Moselle

D'CCPHVA ass am Dezember 2004 geschaf ginn a besteet aus de Gemengen Däitsch-Oth, Aumetz, Boulange, Ëtteng, Réideng, Rédange, Réisseng, Thil a Villerupt, déi am Ganzen eng 27.000 Awunner hunn.

D'Gemenge leie südlech vu Lëtzebuerg, laanscht d'Grenz mam Departement Meurthe-et-Moselle, a geographesch gesinn, laanscht d'Cuesta vun der geologescher Schicht mat der Minett, mat am Norden dem Uelzechtdall an am Süden dem Pays haut.[1]

Den Haaptgrond vun deem Zesummeschloss ass, zesummen d'Erausfuerderunge vum Strukturwandel unzegoen, nodeem d'Stolindustrie do praktesch ganz opgehalen huet. D'CCPHVA huet sech dofir als Zil gesat, complementaire zu den urbanistesche Mesuren op Lëtzebuerger Säit (virun allem op de Frichë vun Esch-Belval) Infrastrukturen op d'Been ze setzen, déi och bei hinne fir e wirtschaftlechen Opschwong suerge sollen.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 CCCPHVA - Présentation Gearchiveerd op 2010-01-22. Gekuckt de(n) 2011-01-05.