De Paul (Pol) Wagener, gebuer den 30. Juni 1924 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 1. Mäerz 2003 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV).[1]

Paul Wagener
Gebuer 30. Juni 1924
Gestuerwen 1. Mäerz 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Hie war vum 19. Mee 1943 bis de 25. Mee 1945 Zwangsrekrutéierten an der Wehrmacht.[2]

Hie gouf bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979 als Deputéierten aus dem Walbezierk Osten an d'Chamber gewielt a bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 erëmgewielt. Hien huet säi Mandat bis 1989 behal.

Hie war vun 1982 bis 1993 als Schäffe respektiv Conseiller Member vum Gemengerot vun der Gemeng Réimech.[3]

Hie war ee vun de Matgrënner a wärend Jore President vum Piusverband.[3]

Referenzen änneren

  1. Paul Wagener am Luxemburger Lexikon 1. Oplo vun 2006 bei den Éditions Guy Binsfeld op Säit 449
  2. Fiche vum Pol Wagener op der Websäit www.ons-jongen-a-meedercher.lu
  3. 3,0 3,1 Noruff op de Pol Wagener an der 34 Sëtzung vum Chamberjoer 2002-2003 den 11. Mäerz 2003