Paul Noesen
De Paul Noesen, gebuer den 28. Juni 1891 zu Ierpeldeng bei Bous, a gestuerwen de 27. September 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
Paul Noesen | |
---|---|
De Paul Noesen, fotograféiert vum Paul Kutter. | |
Pseudonym | Montanus |
Gebuer |
28. Juni 1891 Ierpeldeng |
Gestuerwen |
27. September 1960 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schoulmeeschter, Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Léon Noesen, Josy Noesen |
De Paul Noesen, deen aus enger Wiewer- a Wënzerfamill gestaamt huet, ass no senger Uewerprimärschoul, déi en zu Réimech gemaach hat, op Ettelbréck an d'Akerbauschoul gaangen. Duerno war hien op der Normalschoul a mat 18. Joer war hie Schoulmeeschter.
Seng éischt Plaz war zu Mierschent. Sechs Joer duerno gouf e Schoulmeeschter a Clausen, fir e puer Joer méi spéit an d'Aldringerschoul ze kommen. Mat zwou Ënnerbriechungen ass hien do bliwwe bis zu senger Pensioun am Joer 1954.
Hie war de Papp vum Josy (1920-1944) a Léon Noesen (1923-1996) an de Schwoer vum Franz Binsfeld.
Wierker
änneren- Aus stillen Winkeln (Lies mich, 5. Band). Heimaterzählungen. Illustrationen mit Original-Linoleumschnitten von Nico Klopp. 1926, St. Paulus-Druckerei
- Rebengrün und Ginstergold (Lies mich, 6. Band). Heimaterzählungen. Illustrationen mit Original-Linoleumschnitten von Nico Klopp. 1928, St. Paulus-Druckerei
- Die Reiherjagd und andere Geschichten. 1931, Worré-Mertens
- D'Land önnerem Rébo'. E Buch fir Letzeburger Kanner, zesumme mam L. Senninger; il. Leo Loschetter. 1944, St. Paulus Druckerei, Luxemburg
- Bedrängte Heimat. 1946. St. Paulus-Druckerei
- Briefe um ein Bildnis. 1946, Buchdruckerei P. Linden
- Geschichte der luxemburger Jugendliteratur. 1951, St. Paulus-Druckerei
- Besonnte Dinge. 1952, St. Paulus-Druckerei
Gielercher
änneren- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1956)[2]
Nom Paul Noesen benannt
änneren- eng Strooss rue Paul Noesen: zu Ierpeldeng (PLZ 5422) an an der Stad Lëtzebuerg (PLZ 2228)
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ als Gebuertshaus uginn an der Broschür Ierpeldenger Gipswee vun der Gemeng Bous
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1956 Memorial A N° 10 vun 1956 Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 06.01.2013.