Paul Halmos
De Paul Richard Halmos, gebuer den 3. Mäerz 1916 zu Budapest, a gestuerwen den 2. Oktober 2006, war en US-amerikanesche Mathematiker mat ungareschen Originnen.
Paul Halmos | |
---|---|
Gebuertsnumm | Halmos Pál |
Gebuer |
3. Mäerz 1916 Budapest |
Gestuerwen | 2. Oktober 2006 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Ungarn, USA |
Educatioun | University of Illinois at Urbana-Champaign |
Aktivitéit | Mathematiker, Philosoph, Statistiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Society of Edinburgh |
Hien huet zu Chicago Chimie, Philosophie a Mathematik studéiert. Seng Fuerschungsgebidder waren d'Warscheinlechkeetstheorie, d'Statistik an d'Funktionalanalysis (besonnesch d'Hilbert-Raim).
Verëffentlechungen
änneren- Naive Set Theory
- Introduction to Hilbert Space and the Theory of Spectral Multiplicity
- Lectures on Boolean Algebras
- Finite-Dimensional Vector Spaces
- I Want to Be a Mathematician (Autobiographie, 1987)