Paul Faber (Diplomat)

lëtzebuergeschen Diplomat
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Paul Faber gebuer de 6. Abrëll 1943 a gestuerwen den 19. Juni 2014, war e lëtzebuergeschen Diplomat.

Paul Faber
Gebuer 6. Abrëll 1943
Gestuerwen 19. Juni 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat
Famill
Bestuet mat Marie-Christine Faber
Kanner Thierry Faber

No sengem Studium zu Lëtzebuerg an a Frankräich, ass hie bei de Ministère schaffe gaangen.

Hien huet Lëtzebuerg vun 2005 bis 2007 als Ambassadeur an der Schwäiz an am Liechtenstein representéiert.

Hie war virdru Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun zu Bréissel (1976), Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg am Conseil de l'Europe zu Stroossbuerg (1986-1992), Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Portugal (1993-1998), Ambassadeur an Italien, op Malta an zu San Marino (1998 - 2002), Ambassadeur an Éisträich, an Ungarn an a Slowenien (2002 - 2005). Gläichzäiteg war hie Stännege Vertrieder vun der Agence Internationale sur l'énergie atomique bei de Vereenten Natiounen.

Hie war mat der Schauspillerin Marie-Christine Faber bestuet. Zesumme krute si zwee Kanner.

Auszeechnungen änneren

  • Chevalier vum Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana (27.12.2002)[1]
  •   Großes Silbernes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[2].

Referenzen änneren

  1. Offiziell Websäit vum Quirinal
  2. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten