De Paul Celan (1938).

De Paul Celan, gebuer den 23. November 1920 (als Paul Antschel, méi spéit zu Ancel rumäniséiert, wouraus den Anagramm Celan entstanen ass) zu Czernowitz (deemools a Rumänien, haut an der Ukrain), a gestuerwen den 20. Abrëll 1970 zu Paräis, war en däitschsproochege Lyriker.

1948 huet hien Der Sand aus den Urnen, säin éischte Gedichtsband, publizéiert. Hien hat vun do bis an d'1950er Joren eng Relatioun mat der Ingeborg Bachmann; hire Bréifwiessel vun deemools koum als Herzzeit am Suhrkamp Verlag eraus. 1951 huet hien zu Parâis d'Gisèle Lestrange kennegeléiert an d'Joer drop bestuet. 1952 koum och bei der Deutschen Verlags-Anstalt säi Gedichtsband Mohn und Gedächtnis eraus, wou déi bekannt Todesfuge dran ass, déi de Muerd un den europäesche Judden duerch d'Nationalsozialisten thematiséiert. Seng béid Eltere waren an engem Ghetto ëmkomm.

1955 krut den Celan déi franséisch Nationalitéit. Hie koum e puermol a psychiatresch Behandlung.

Seng Doudesëmstänn sinn net gekläert; et gëtt ugeholl, hien hätt sech d'Liewe geholl, andeems e vum Pont Mirabeau an d'Seine gesprongen ass. Seng Läich gouf den 1. Mee 1970 bei Courbevoie zéng Kilometer flossof, fonnt.

De Paul Celan krut 1960 de Georg-Büchner-Preis.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Paul Celan – Biller, Videoen oder Audiodateien