Francesco Tristano Schlimé

De Francesco Tristano Schlimé, gebuer de 16. September 1981 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Pianist.

Francesco Tristano Schlimé
Gebuer 16. September 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Juilliard School
Aktivitéit Pianist, Komponist, Klarinettist, Dirigent

Liewen änneren

De Schlimé, deen ënner dem Numm Francesco Tristano optrëtt, huet mat fënnef Joer ugefaange Piano ze spillen an huet mat 13 Joer säin éischte Concert mat eegene Kompositioune ginn.

Den Tristano ass Absolvent vun der Juilliard School zu New York, wou e vum Bruce Brubaker an dem Jacob Lateiner ënnerriicht gouf an d'Masterclass beim Rosalyn Tureck absolvéiert huet. Doriwwer eraus huet en an de Conservatoire vu Bréissel, Riga, Paräis a Lëtzebuerg an op der Musekhéichschoul vu Katalounie studéiert.

Den Tristano huet am Joer 2000 mam Russeschen Nationalorchester debüttéiert, mat dem hien dem Sergei Prokofjew säi Pianosconcerto Nr. 5 an dem Maurice Ravel seng Pianosconcertoen agespillt huet. Spéiderhin huet e mat dem Franséischen Nationalorchester Lille, dem Orchestre philharmonique du Luxembourg an anere getourt.

2001 huet en de Kammermuseksensemble „The New Bach Players“ gegrënnt, fir dat en eng Originaltranskriptioun fir Piano an Orchester vum Antonio Vivaldi sengem Wierk Le quattro stagioni realiséiert an dirigéiert huet. 2004 huet en den Internationale Pianistepräis fir zäitgenëssesch Musek am franséischen Orléans gewonnen. 2006 huet en d'Band „Aufgang“ gegrënnt, där hiren éischten Album 2009 verëffentlecht gouf. Den 11. Februar 2014 huet hien an e puer Wieder d'Opléisung vun deem Grupp matgedeelt.[2]

Den Tristano war „Artist in Residence“ vun den Hamburger Symphoniker an der Saison 2010/2011.

De Francesco Tristano huet eng ganz Rei Albume verëffentlecht, dorënner Opname vum Bach senge Goldberg-Variatiounen, fir déi en divers Auszeechnunge kritt huet, souwéi d'pianistescht Gesamtwierk vum Luciano Berio. Op sengem Album „Not for Piano“, dat 2007 erauskomm ass, huet e mat Hëllef vu stilistesche Mëttele vun der Klassik an der Minimal Music eege Versioune vun Techno-Klassikere fir Piano solo presentéiert. Fir säin Album „Idiosynkrasia“ huet den Tristano ënner anerem mam Carl Craig zesummegeschafft.

Den Tristano trëtt souwuel op de Büne vun international renomméierte Concertshaiser wéi och a Clubs oder Technotempelen op. Hie versteet sech als Grenzgänger tëscht Klassik an Techno.

Formatioun änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 385
  2. Aufgang Ausgang Francesco Tristano sadly announces that his band for 9 years, Aufgang, has disbanded. Rami Khalife and Aymeric Westrich have decided to go their own path, FT wishes his brothers the best of luck. Let the beat go on!