SOS Villages d'Enfants Monde

SOS Villages d'Enfants Monde ass eng lëtzebuergesch NRO, déi 1974 an d'Liewe geruff ginn ass, mam Zil SOS-Kannerduerf-Projete weltwäit finanziell z'ënnerstëtzen.

SOS Villages d'Enfants Monde gouf 1986 vum Lëtzebuerger Staat als eng netstaatlech Organisatioun (Organisation non gouvernementale agréée) unerkannt, a si representéiert d'Mammenhaus vun SOS-Kinderdorf International, dat hire Sëtz zu Innsbruck huet. Am Zentrum vun hirer Aarbecht stinn d'Kanner mat hire Rechter, wéi se an der Kannerrechtskonventioun vun 1989 figuréieren. SOS Villages d'Enfants Monde ass besonnesch aktiv an Zentralamerika, Westafrika a Südostasien.

Hannergrond änneren

Den 10. Juli 1963 huet de Marcel Nilles déi lëtzebuergesch SOS-Kannerduerf-Associatioun “Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf” gegrënnt. Well de Marcel Nilles sech vill mat der Situatioun vu Kanner aus aarmen a schwierege Verhältnesser beschäftegt huet, huet hien och d'Situatioun vun de Kanner an de lëtzebuergesche Weesenheemer gutt kannt. 1965 huet d'Associatioun en Terrain zu Miersch kaaft, op deem kuerz drop och schonn d'Bauaarbechte fir d'Kannerduerf ugefaangen hunn. 1968 waren dunn d'Haiser vum Lëtzebuerger Kannerduerf Miersch fäerdeg an déi éischt Famillje konnten eraplënneren.

Grënnung vun SOS Villages d'Enfants Monde änneren

An enger zweeter Etapp huet de Marcel Nilles eng Associatioun ouni Gewënnzweck gegrënnt, nämlech “SOS-Interfonds a.s.b.l.” (haut: SOS Villages d'Enfants Monde), fir mat lëtzebuergesche Fongen international Bauprojeten ze finanzéieren. Zanter Enn vun den 1990er Jore gëtt verstäerkt mat dem Ministère des affaires étrangères zesummegeschafft, wat et den SOS Villages d'Enfants Monde erlaabt, méi grouss a méi komplex Projeten ze finanzéieren.

Finanzéierung änneren

SOS Villages d'Enfants Monde huet fënnef grouss finanziell Sourcen: Parrainagen, privat Donen, ëffentlech Fongen, Done vu Societéiten a Recetten duerch Evenementer. Wéi all agrééiert ONG kritt d'Associatioun all Joer vun enger externer Entreprise hir Konte kontrolléiert.

Evenementer änneren

Eng gewësse Renommee huet SOS Villages d'Enfants Monde erlaangt duerch d'Organisatioun vun Concerte mat weltberühmte Museker a Sänger. Sou ass am Joer 2005 d'Anne-Sophie Mutter an der Philharmonie opgetrueden an huet d'Recetten integral den Affer vum Tsunami vum 26. Dezember 2004 geschenkt. D'Joer drop huet d'Cesaria Evora, och an der Philharmonie, fir d'Stroossekanner an hirer Heemechtsstad Mindelo (Kap Verde) gesongen.

Fir d'Kanner änneren

D'SOS-Kannerdierfer änneren

Wéi den Numm et scho verréit, ass d'SOS-Kannerduerf d'Haaptelement vun all de Servicer, déi SOS-Kinderdorf unzebidden huet. E Kannerduerf besteet an der Moyenne aus 12 Haiser, an deene jeeweils eng Famill wunnt. Sou eng Famill besteet an der Reegel aus enger “SOS-Mamm”, enger ausgebilter Erzéierin, an enger jee no Land variéierender Zuel vu Weesen, Hallefweesen a Sozialweesen. D'Iddi déi dohanner stécht ass, fir eng Alternativ zu de staatlechen Institutiounen unzebidden an engem Kontext deen un eng “richteg” Famill sou no wéi méiglech erukënnt. Effektiv loosse sech un der Basis vun der Aarbecht vun SOS-Kinderdorf 4 Prinzipien erëmfannen: all Kand huet e Recht op eng Mamm, op Gesëschter, en Haus an en Duerf.

Weider Ariichtungen änneren

Nieft den SOS-Kannerdierfer gëtt et nach zousätzlech Ariichtungen, engersäits fir d'Betreiung vum Kand weider ze komplettéieren an anerersäits fir d'Noperschaft vun engem Kannerduerf sou vill wéi méiglech mat anzebezéien. An dëser Logik funktionéieren d'SOS-Schoulen a Spillschoulen, d'Medezin- an d'Sozialzentren, d'Beruffsausbildungszentren, d'Jugendzentren an d'Familljestäerkungsprogrammer.

“Qualitéit fir Kanner” - Standarden änneren

SOS-Kinderdorf mécht sech net nëmme fir déi Kanner staark, déi vun der Associatioun encadréiert ginn, mä versicht ausserdeem mat Hëllef vun sengem internationale Reseau, a mat aneren ONGen d'Betreiung vu Kanner, déi keen Doheem hunn, kritesch z'analyséieren. Aus deem Grond huet SOS-Kinderdorf 2007 zu Bréissel 20 Standarde presentéiert, déi international als Orientéierung dénge sollen, fir staatlech Institutiounen an och ONGen, déi sech mat Kannerbetreiung befaassen.

Parrainagen änneren

E Parrainage ass eng laangjäreg Ënnerstëtzung fir Kanner aus den SOS-Kannerdierfer weltwäit. SOS Villages d'Enfants Monde iwwerweist 100% vun de Suen, déi den Donateur bezuelt huet, un dat respektiivt SOS-Kannerduerf, wou de Pätterche wunnt. Mat dëse Sue gëtt den Ënnerhalt vum Pätterche wéi zum Beispill seng Kleeder, d'Iessen, d'Schoul, medezinesch Käschten etc. gedeckt. SOS Villages d'Enfants Monde huet iwwer 4.000 Parrainagë vu Pätteren a Giedelen zu Lëtzebuerg fir Kanner an der ganzer Welt.

Entwécklungszesummenaarbecht änneren

Konstruktiounen änneren

An der internationaler Entwécklunsgzesummenaarbecht ass SOS-Kannerduerf besonnesch bekannt wéinst senge Konstruktiounen an 132 Länner vun der Welt. Déi 3 Grondprinzipie vun all Konstruktioun, sief et e Kannerduerf, eng Schoul, e medezineschen Zentrum etc. si Soliditéit, Bescheidenheet an Integratioun. Obwuel Kriticke gär d'Käschte vu munneche Konstruktiounen ervirhiewen, ënnersträicht SOS-Kinderdorf ëmmer erëm d'Laangliewegkeet an d'Nohaltegkeet vun hirer Architektur. Ausserdeem gëtt duerch de Bau an de Fonctionnement vun de verschiddenen Infrastrukturen d'Economie vun der Regioun stimuléiert, well souwuel déi verschidde Konstruktiounsentreprisen awer och d'Personal, dat agestallt gëtt, ëmmer aus der Regioun stamen. Do wou en SOS-Kannerduerf gebaut gëtt, do bleift SOS-Kinderdorf och.

Programmer fir Familljen änneren

Nieft de Konstruktioune schafft SOS-Kinderdorf an notamment och SOS Villages d'Enfants Monde ëmmer méi mat Familljenënnerstëtzungsprogrammer, well d'Philosophie déi ass, datt d'Kanner, wann et nëmme méiglech ass, bei der Famill bleiwe sollen. D'Grondiddi ass fir mat der Hëllef vu lokale Strukture grouss Familljen, déi um Punkt sinn auserneenzebriechen, z'ënnerstëtzen, fir ze verhënneren, datt d'Kanner opgi ginn. Den Ufank vu sou engem Programm ass d'Koordinatioun vun aneren ONGen a Mikrofinanzinstituter, d'Grënnung vu Familljekommiteeën an allgemeng d'Zesummenaarbecht mat “Community Based Organisations”. Op déi Manéier kann ee sécher sinn, datt d'Bénéficiairë selwer dofir verantwortlech sinn, eppes un hirem Liewen zum Positiven ze veränneren.

D'Entwécklungshëllef vun SOS-Kinderdorf baséiert virun allem um lokale Partner, deen ëmmer legal verankert ass, op senger Expertise a senge Kenntnesser vum Land an der Regioun. Ausserdeem benotzt dat ganzt SOS-Kinderdorfnetzwierk Instrumenter wéi zum Beispill de “Project Cycle Management” an d'”Logical Framework Approach”, déi eng gutt Zusammenaarbecht tëscht Natiounen a Kulturen erméiglechen.

Nouthëllef änneren

SOS-Kinderdorf bedeelegt sech och un Nouthëllefprojete wéi Rekonstruktioun, Asätz fir psychologesch Ënnerstëtzung ze liwweren, Verdeelung vu Medikamenter a Liewensmëttel. De gréissten Asaz fir SOS-Kinderdorf am Beräich Nouthëllef war den Tsunami vun 2004 a Südostasien.

Um Spaweck änneren