Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Paracharon caecus
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Spannendéieren
Uerdnung: Gäisselspannen
Famill: Paracharontidae
Gattung: Paracharon
Wëssenschaftlechen Numm
Paracharon caecus
Hansen, 1921

D'Paracharon caecus ass eng Gäisselspannenaart aus der monotypescher Gattung Paracharon an der Famill vun de Paracharontidae. Se gouf 1921 vum däneschen Zoolog Hans Jacob Hansen beschriwwen[1].

D'Paracharon caecus huet vill plesiomorph Eegenschaften, si ass déi eenzeg lieweg Aart vun de Paracharontidae a vun der ganzer Ënneruerdnung vun de Paleoamblypygi[2].

Dës rar Spannenaart ass a Guinea-Bissau endeemesch[3]. Si lieft an Termitenhiwwelen[4].

D'Spann ass ronn 7 mm laang[4]. D'Pedipalpestruktur, besonnesch d'Struktur vun de Picken an der Tharsus, ass am Verglach zu anere Gäisselspannen ongewéinlech, primitiv. En distalen Zant huet just eng Cuspid, all aner lieweg Gäisselspannen hunn zwéi Cuspiden. D'Paracharon caecus ass blann, si huet awer onentwéckelt lateral Ocellen[2].

Referenzen änneren

  1. https://www.biolib.cz/en/taxon/id470983/
  2. 2,0 2,1 https://bmcevolbiol.biomedcentral.com/articles/10.1186/s12862-017-0931-1
  3. Archive copy Archivéiert op 2018-05-27. Gekuckt de(n) 2018-05-27.
  4. 4,0 4,1 Hansen, 1921 : The Pedipalpi, Ricinulei, and Opiliones (exc. Op. Laniatores) collected by Mr. Leonardo Fea in tropical West Africa and adjacent islands. Studies on Arthropoda. Vol. 1. Gyldendalske Boghandel, Kjøbenhavn, p. 1–55