D' Pëppelen (Populus) sinn eng Planzegattung bannent der Famill vun de Salicaceae. Si kommen heefeg an den temperéierte Géigende vun der Nordhallefkugel an Nordamerika an an Eurasien vir. Et gëtt eng ronn 30 Aarten an e Pak voll vun Hybriden.

Pëppelen
Populus × canadensis
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Malpighiales
Famill Salicaceae
Wëssenschaftlechen Numm
Populus
Linnaeus
Schwaarz-Pëppel (Populus nigra)

Si wuessem op naassen a suppege Biedem, no bei Flëss, an a Bëscher, a ginn och dacks an der Forstwirtschaft fir Holz, Pabeier an Energie ze gewanne geplanzt.

Pëppele si Lafbeem, déi am Summer gréng sinn, an déi 30 bis 45 Meter héich kënne ginn. De Stamm ass gewéinlech riicht, D'Schuel ass rau oder glat an dacks gro.

Blatdimorphismus: lénks d'Blieder, déi an de Wanterknospe virgebilt goufen, riets d'Summerblieder (Esp)

D'Lafblieder sinn dräieckeg, häerz- oder eeërfërmeg.

Wéi all aner Weideplanzen (Salicaceae) besteet bei de Pëppelen Diözie, d. h. et gëtt männlech a weiblech Planzen.

Männlech Miissercher vun der Kanadescher Pëppel

D'Bléie sinn a Kluddere vu Miissercher. Männlech a weiblech Miissercher gläiche sech staark. Se gi vum Wand bestëbst (Anemophilie), d'Bléie komme virun de Blieder, jee no geographescher Lag an Aart, tëscht Februar an Abrëll.

D'Fruucht ass eng Kapsel, an där de Som ass. Dësen huet eng Zort horege Putsch ronderëm sech, deen hëlleft vum Wand doruechter transportéiert ze ginn. D'Pëppele kënne sech awer och vegetativ, d. h. iwwer Ausschléi vun de Wuerzelen, reproduzéieren an et kann ee se gutt mat Gammen an héijer Zuel a bëlleg zillen.

E Pad voller Pëppelflom, an deem de Som ass

Pëppele gehéieren an eise Géigenden zu de Beem, déi am séierste wuessen. Se brauche dofir vill Liicht a relativ héich Temperaturen, räichhalteg Nierstoffer an hunn am léifste Biedem mat Sairegrade vu pH 6 bis 8. Flaachgrënneg, dréche Kallekbiedem verdroe se guer net. Obscho se vill Waasser brauchen daache Biedem mat engem Grondwaasserstand vu manner wéi 50 cm näischt grad sou wéi Plazen déi ze laang an ze héich iwwerschwemmt kënne ginn.

A Mëtteleuropa sinn dräi Aarten doheem: d'Schwaarz Pëppel (Populus nigra), d'Sëlwer Pëppel (Populus alba), an d'Esp (Populus tremula), sou wéi och den natierlechen Hybrid Gro Pëppel (Populus canescens).

Systematik[1]

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Pëppelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. James E. Eckenwalder: Systematics and evolution of Populus. In: R.F. Stettler et al.: Biology of Populus and its implications for management and conservation. 1996, S. 7–32.