Italieenesch Pëppel

Bam

D'Italienesch Pëppel och Pyramidepëppel genannt (Populus nigra var. italica) ass e Lafbam aus der Gattung vun de Pëppelen an eng Form oder Varietéit vun der der Schwaarzer Pëppel. Se kënnt a ganz Europa vir, besonnesch a Bëscher am Flaachland an a Flossdäller. Sou gouf vill als Stroossebam benotzt, wat allerdéngs net ganz ubruecht war, well se ganz brécheg ass. Si gouf an Norditialien ëm 1758 fir d'éischt nogewisen. 

Italieenesch Pëppel
Pyramidepëppel
Eng Italieenesch Pëppel am Fräistand
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Uerdnung Malpighiales
Famill Salicaceae
Gattung Pëppelen (Populus)
Aart Schwaarz Pëppel (Populus nigra)
Wëssenschaftlechen Numm
Populus nigra var. italica
(Moench) Koehne

Beschreiwung änneren

  • Schuel: D'Schuel ass donkelgro a glat, bei jonke Beem e bëssi blénkeg, duerno méi blatzeg mat flaache Fueren.
  • Kroun: D'Kroun variéiert licht an der Form, well et verschidde Klone gëtt. Déi sougenannt echt Form vum männleche Bam ass schlank pyramidal oder schmuel sailefërmeg mat engem Gëppel dee spatz ausleeft. Se huet déi Form bis an den héijen Alter, dann entsteet e flaache Gëppel mat en ettlech Schëtz. De Stamm ass da rau mat déiwe Fueren an huet vill Waasserschëtz. Op der Basis huet e Brietwuerzelen. D'weiblech Form ('Femina') ass rar. Si huet e puer no banne gebéit Äscht vun deene jiddwereen eng kleng sailefërmeg Kroun bilt, woduerch den Habitus bal ëmgedréint dräieckeg erschéngt.
  • Laf: D'Schëtz si blénkeg gielzegbrong mat verstreete klenge Gruppe vu laangen donkle Lentizellen. D'Knäpp si ganz schlank, leien ugedréckt a sinn hell routbrong an ongféier 8 mm laang. D'Blieder sinn dräieckeg bis eefërmeg a kuerz zougespëtzt (6 × 4,5 cm), mat reegelméissege klenge gebéiten Zänn. Se si blénkeg, donkelgréng a plakeg an eng Grëtz méi kleng wéi déi vun der Schwaarzer Pëppel. De Still ass ongeféier 2,5 cm laang, flaach a gielgréng.
  • Bléi a Fruucht: Um männleche Bam kommen d'Miissercher ufanks Abrëll a se sinn donkelrout, beim Stëbse Mëtt Abrëll si se rout e giel. D'Miissercher um weibleche Bam kommen Enn Abrëll, se sinn hellgréng, ongeféier 12 cm laang a liicht gebéit.