D'Schwaarz Pëppel (Populus nigra) ass e Lafbam aus der Gattung vun de Pëppelen deen a ganz Europa virkënnt. Se wuesse besonnesch gutt an engem mëlle Klima am flache Land ënner 500 m. Se brauchen entweeder eng gutt Waasserversuergung (Auebëscher mat kallekhaltegem Grondwasser dat net gestaut ass) oder wa Grondwaasser feelt, en déifgrënnege gutt duerchlëfte Buedem deen d'Entwécklung vun engem breede Wuerzelsystem erméiglecht. Se hu gär Biedem mat engem héije Gehalt vu Kallek oder aner basesch Biedem wéi verschidde Leemer oder Megelbiedem, wa se net vernätzt sinn, wéi Lössleeem, Kallekverwitterungleem, leemegt Hankgestengs a Keupermergel.
Sauer, ausgedréchent oder staunaass Biedem daachen näischt fir den Ubau vun der Pëppel.

Schwaarz Pëppel
Eng Grupp Schwaarz Pëppelen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Uerdnung Malpighiales
Famill Salicaceae
Gattung Pëppelen (Populus)
Wëssenschaftlechen Numm
Populus nigra
Linnaeus

Beschreiwung änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Hybriden änneren

Aus der eurasescher Schwaarzpëppel an hirer italieenescher Varietéit der Pyramidepëppel sou wéi aus zwou nordamerikanesch-kanadesche Schwaarzpëppelaarten (Populus deltoides an angulata) sinn haaptsächlech op natierlechem Wee Kräizungen entstanen. Déi Hybriden oder Baaschterten déi hir Elteren an der Wuessleeschtung iwwertraff hunn, goufe vegetativ weidergezillt a kruten dann och besonnesch Nimm. Déi bekanntst dervu sinn: Serotina (m), Robusta (m) (oder Plantierensis), Regenerata Deutschland (w) och als Harffer Pëppel bekannt, Marilandica (w) (oder Meepëppel), Löns (m), Gelrika (m), Eckhof (w), Neupotz (w), Flachslanden (w), Grandis (w) a Leipzig (w).