Péiter Onrou
De Péiter Onrou ass eng liewensgrouss Statu, déi an enger Grott am Crispinusfiels[1] am Eecher Bierg, an der Stad läit. Vun der Kräizung Eecher Bierg / Rue des Glacis féiert eng Trap biergop bei d'Grott an da weider bis an de Boulevard Paul Eyschen.
Péiter Onrou, och: Beim groussen Härgott | |
---|---|
D'Grott vum Péiter Onrou mat, uewendriwwer, dem "Groussen Härgott" | |
An anere Sproochen | de: Peter Unruh |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Koordinaten |
49° 37’ 09.9’’ N 06° 07’ 48.2’’ O |
D'Grott war héchstwarscheinlech déi lescht Statioun vun engem Kräizwee aus dem 17. Joerhonnert, dee vum Sichegronn bis bei de Crispinusfiels geféiert huet. Dëse Kräizwee ass op engem Plang vu 16?? agezeechent, deen an der éisträichescher Nationalbibliothéik läit[2].
De Site vum Péiter Onrou gouf den 9. November 2017 als nationaalt Monument klasséiert[3].
Originne vun den Nimm
ännerenKrispines geet op den Hellege Crispinus zeréck, de Patréiner vun de Gierwer a Schouster, vun deenen der en ettlech um Lampertsbierg gewunnt hunn.
Den Numm Péiter bezitt sech op de Péiter vu Mailand an d'Onrou kënnt dohier, datt en Onrou bei deene Männer sollt ervirruffen, déi hirer Fra oder Frëndin ontrei gi sinn.
Enger anerer Theorie no, geet den Numm Péiter op de Peter Marlé zeréck, deen um Kadasterplang vun 1811 de Proprietär vum Terrain nieft dem "groussen Härgott" war. Wéinst dem Bau vun der Strooss huet dem Marlé säin Haus am haitegen Eecher Bierg missen ofgerappt ginn. Den Numm Péiter Onrou kéint dohier kommen[2].
D'Plaz huet nach aner Nimm: Beim groussen Härgott, Peter Onrou, Krispinusfiels, fréier och Petit Marly.
Den Numm Groussen Härgott bezitt sech net op d'Statu, déi läit, mä op d'Kräiz, dat uewendriwwer steet.
Statu vum Péiter Onrou
ännerenD'Statu selwer huet keng Attributer an et gëtt ugeholl, datt se de Christus duerstelle soll[4]. Anere Quellen no, handelt et sech ëm de Läichnam vum Hl. Crispinus[5].
Déi ursprénglech Statu vum Péiter Onrou aus dem 17. Joerhonnert war geklaut ginn, a se gouf dunn am 19. Joerhonnert ersat. Dës „nei“ Statu ass am Krich vum Albert Hames restauréiert ginn a koum an de Musée. An der Grott läit deemno eng Kopie dovun[2].
Awerglawen
ännerenMat der Statu ass eng Traditioun an en Awerglawe verbonnen[6]: Dofir goufen a ginn alt ëmmer nees Käerze beim Péiter opgestallt, an déi Nolen oder Spéngele gepickt ginn. Beim Ofbrenne vun der Käerz gëtt d'Spéngel gliddeg a spréngt of. Den Ontreie sollt an deem Ament, sou wëll et den Awerglaf, och e Stéch spieren an "onroueg" ginn. Duerch déi Käerzen ass d'Statu dann och plazeweis ugebrannt.
Biller
änneren-
De Péiter Onrou a senger Grott.
-
Spéngelen déi beim Ofbrenne vun der Käerz Rescht bliwwe sinn.
-
Vum Eecher Bierg aus bei de Péiter Onrou.
-
De "Groussen Härgott" iwwer der Grott.
Literatur zum Theema
änneren- Gessler, Jean. (1948). Peter Unruh of de folkloristische metamorphose van een liggend Christusbeeld : Een volks- en letterkundige schets door J. Gessler. Antwerpen: "Volkskunde"
- Hess, Joseph: (1960) Nadelzauber in: Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde. Lëtzebuerg, 1960 S. 131-133.
- Aschmann, Paul: Pe'ter Onro'h, der seltsame Heilige. Revue N° 9 vum 2. Mäerz 1956 S.4-7 a 34 mat 15 Fotoen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Péiter Onrou – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Welter, Nik: Nadelzauber. Der sog. „Krispinus-Fels“ bei Luxemburg an: Floréal Nr 9 vum 15. Januar 1908, S. 135-140
- Nadel stich. Nadel stich! Peter Unruh, höre mich! an: Die neue Zeit Nr 2 vum 6. Abrëll 1913, S. 2
- Peter Unruh an: De Gukuk Nr 272 vum 22. Oktober 1927, S. 2
- Eine Stätte alten abergläubischen Brauchtums Der Krispinusfelsen im Eicherberg / Die sonderbare Geschichte von „Peter Unruh" am Luxemburger Wort vum 5. August 1942, S. 3
- Weicherding-Goergen, Blanche: Le mystère de saint Crépin et de Péiter Onrou à la côte d'Eich, ons stad Nr 18, 1985
Referenzen an Notten
änneren- ↑ och an der Schreifweis Krispinesfiels ze fannen
- ↑ 2,0 2,1 2,2 De „Péiter Onrou“ um Crispinusfiels an: Lampertsbierger Geschichtsfrënn. (2018). De Lampertsbierg : Histoire d'un quartier florissant. Luxembourg: Lampertsbierger Geschichtsfrënn a.s.b.l. ISBN 978-99959-934-8-1
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Blanche Weicherding-Goergen, Le mystère de saint Crépin et de Péiter Onrou à la côte d'Eich, kuckt: um Spaweck
- ↑ Der heilige Crispinus zu Luxemburg am Luxemburger Wort, 28.04.1873
- ↑ Gerry Erang, Cheating partner? Visit the Peter Onrou statue in Luxembourg City for revenge! RTL today, 26.07.2019