Floréal (Zäitschrëft)
Floréal. Revue libre d'art & de littérature - Freie Rundschau für Kunst und Litteratur war eng lëtzebuergesch Literaturzäitschrëft, déi vum Frantz Clément, Eugène Forman a Marcel Noppeney gegrënnt gouf.
![]() Den Deckel vum Floréal N° 1 | |
Typ | Periodique |
---|---|
Sprooch |
Däitsch, Franséisch |
Éischt Ausgab | 21. Abrëll 1907 |
![]() |
Et sinn 12 Nummeren tëscht dem 21. Abrëll 1907 (Nummer 1) an dem 21. Abrëll 1908 (Nummer 12) erauskomm. D'Texter waren op Franséisch an op Däitsch.
De Marcel Noppeney huet op franséisch Gedichter, Kommentaren a Chronike geschriwwen, vum Frantz Clément si Literaturkritesch Essayen a Gedichter, an den Eugène Forman huet, a Form vun engem satiresche Feuilleton, Puckis Erdenfahrt publizéiert.[1]