Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Awerglawen oder Awerglaf (vun awer a gleewen, am Sënn vu gleewen obschonn et "falsch" ass) bezeechent een d'Unhuele vu Glawensinhalter déi net an der majoritärer Relioun vun där Géigend wou een ass, present sinn, oder déi souguer konträr zu deene vun dëser Relioun sinn.

De Begrëff Awerglawe gëtt meeschtens ofwäertend benotzt fir eng Glawensastellung déi dem "richtege Glawen" entgéintsteet. Domat ass gemengt datt den Awerglawen als irrational, onverstänneg (heiansdo och onmënschlech) an ouni Notze soll sinn, an ass doduerch als ënnerleeë betruecht ginn. Heefeg ass en och am Zesummenhang mat niddreger Bildung, dem Mëttelalter (Opklärung) oder och nach mat net-monotheistesche Reliounen oder Kulte gebraucht ginn.

Literatur änneren

  • Bächtold-Stäubli, Hanns (Erausg.): Handwörterbuch des deutschen Aberglaubens, 1987, Walter de Gruyter, Berlin - New York, an 10 Bänn. Dëst ass de fotomechaneschen Nodrock vun der Editioun vun 1932 - 1987.

Um Spaweck änneren

Commons: Awerglawen – Biller, Videoen oder Audiodateien