Johann Oskar Backlund

russeschen Astronom
(Virugeleet vu(n) Oskar Backlund)

De Johann Oskar Backlund, gebuer den 28. Abrëll 1846 zu Länghem, Schweden, gestuerwen den 29. August 1916 zu Pulkowa, Russland, war e schweedesch-russeschen Astronom.

Johann Oskar Backlund
Gebuer 28. Abrëll 1846
Gestuerwen 29. August 1916
Nationalitéit Schweden, Russescht Keeserräich
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Astronom, Akademiker
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale delle Scienze, National Academy of Sciences

De Backlund huet op der Universitéit Uppsala Mathematik an Astronomie studéiert. Hien ass am Joer 1876 a Russland emigréiert, fir um Observatoire vun Dorpat a vun 1879 um Observatoire vu Pulkowa ze schaffen. Vun 1895 bis zu sengem Doud war hien Direkter vum Observatoire zu Pulkowa.

De Backlund huet virun allem um Gebitt vun der Himmelsmechanik geschafft.

1909 ass hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent ginn, an 1914 mat der Bruce Medal. No him ass den Asteroid (856) Backlunda genannt ginn. Ausserdeem dréit de Moundkrater Backlund säin Numm.