Organ (Biologie)

(Virugeleet vu(n) Organ)

An engem Organismus ass en Organ eng Geweebegrupp mat enger oder méi Funktiounen, déi deem Organismus notzen. An der Flora zum Beispill ass d'Spaltëffnung (Stoma) en Organ, dat d'Belëftung vu Planze reegelt. An der Fauna sinn d'Longe bei villen Déiere fir d'Ootmung zoustänneg.

Organer vun engem Schof op engem Plateau: d'Liewer, zwou Nieren, an d'Häerz.
D'Organer vum Mënsch.

Dat gréisst mënschlecht Organ ass d'Haut. Si bedeckt de ganze Kierper an huet d'Funktioun, de mënschleche Kierper virum Ausdréchnen, der Ënnerkillung, Schued a Keimen ze schützen.

Organer kënne gemeinsam Organsystemer bilden. Déi Organer hu sech géigesäiteg néideg, fir eng komplex Funktioun ze erfëllen, zum Beispill de Verdauungssystem, zu deem bei de Mamendéieren ënner anerem den Oesophage, de Mo, den Daarm, d'Liewer an d'Bauchspeicheldrüs gehéieren. D'Häerz an d'Bluttgefäässer si gemeinsam fir de Bluttkreeslaf verantwortlech. Bei de Planzen besteet eng Bléi aus spezialiséierte Stiller a Blieder.

Auswiel vun Organer bei de Mamendéieren

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Organer – Biller, Videoen oder Audiodateien