Orchimont
Orchimont ass eng belsch Uertschaft a Sektioun vun der Gemeng Vresse-sur-Semois an der Provënz Namouer a Wallounien. Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Orchimont eng eegestänneg Gemeng.
Orchimont | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Provënz Namouer |
Arrondissement | Dinant |
Gemeng | Vresse-sur-Semois |
Fläch | 1 013 |
Koordinaten |
49° 53’ 00’’ N 04° 55’ 00’’ O |
Telefonszon | 061 |
Postcode | 5560 |
Geschicht
ännerenVun 1331 bis 1794/95 huet Orchimont zur Grofschaft, respektiv zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert.
Tëscht 1331 - wéi eng lokal adeleg Famill hiert Gutt Orchimont un de Grof vu Lëtzebuerg verkaf hat - an 1357, hu souwuel de Grof vun Namouer wéi och de Prënzbëschof vu Léck d'Uertschaft mat hirer Ëmgéigend fir sech an Usproch geholl; mä am Fridde vu Maastricht (1357) gouf Orchimont dem Landeshär vu Lëtzebuerg zougesprach.
Um Enn vum Ancien Régime war Orchimont den Zentrum vun der flächeméisseg gréisster Probstei vum Herzogtum Lëtzebuerg.
1794/95 huet dat revolutionäert Frankräich dat deemolegt Lëtzebuerger Land annektéiert, opgedeelt a ganz oder deelweis op dräi Departementer verdeelt. Orchimont gouf dunn eng Gemeng vum Departement Sambre-et-Meuse dee sech spéider, ënnert dem hollännesche Regime (1815-1830), gréisstendeels als Provënz Namouer am Vereenegte Kinnékräich vun den Nidderlanden rëmfonnt huet, an no der Belscher Revolutioun (1830/31), ëmmer nach als Provënz Namouer, am neie Kinnékräich Belgien.
Zu Bouneweg erënnert eng Strooss (Rue d'Orchimont) un dësen Deel vun der lëtzebuergescher Geschicht.
Um Spaweck
ännerenCommons: Orchimont – Biller, Videoen oder Audiodateien |