Orang-Utanen

(Virugeleet vu(n) Orang-Utan)
Pongo ass heihi verlinkt. Fir aner Bedeitungen dovun, kuckt wgl. Pongo (Homonymie).


D'Orang-Utanen (Pongo) sinn eng Gattung vu Primaten bannent der Famill vun de Mënschenafen (Hominidae). Si ënnerscheede sech vun anere Mënschenafe wéinst hirem routbronge Pelz a wéinst hirem Kierperbau, dee méi un e Liewen an de Beem ugepasst ass.

Orang-Utanen
e Borneo-Orang-Utan (Pongo pygmaeus)

e Borneo-Orang-Utan (Pongo pygmaeus)
e Borneo-Orang-Utan (Pongo pygmaeus)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Ënneruerdnung: Afe mat dréchenen Nuesen
Famill: Mënschenafen (Hominidae)
Ënnerfamill: Ponginae
Wëssenschaftlechen Numm
Pongo
Lacépède, 1799
Aarten

Si liewen op de südostasiateschen Insele Sumatra a Borneo. D'Orang-Utane ginn an dräi Aarten ënnerdeelt: de Borneo-Orang-Utan (Pongo pygmaeus), de Sumatra-Orang-Utan (Pongo abelii) an den nei entdeckten Tapanuli-Orang-Utan (Pongo tapanuliensis).

Charakteristiken änneren

Orang-Utanen gi vu Kapp bis Hënner 1,25 bis 1,5 Meter grouss. D'Männercher si mat 50 bis 90 Kilogramm bal duebel esou schwéier wéi d'Weibercher, déi 30 bis 50 Kilogramm weien. D'Fell ass donkelrout bis roudelzeg-brong, woubäi d'Faarf bei den Déieren op Sumatra méi hell ass.

D'Äerm an d'Been si staarkt op eng Liewensweis an de Beem spezialisiéert: D'Äerm si ganz laang a staark, a kënnen eng Spanwäit vu bis zu 2,25 Meter hunn. D'Hänn si kropfërmeg a laanggestreckt. D'Bee si relativ kuerz a kënnen no banne gebéit ginn, wat d'Kloteren erop op Beem méi einfach mécht. D'déck Zéif ass kleng an zimmlech ënnen, déi aner Zéiwe si verhältnesméisseg laang a gebéit, sou wéi bei den Hänn.

Verbreedung an Habitat änneren

 
wou et Orang-Utane gëtt

D'Orang-Utane komme just op den Insele Borneo a Sumatra vor. Op Sumatra liewen s'an de nordwestleche Regiounen an deelweis laanscht d'Westküst, op Borneo haaptsächlech an de südlechen an ëstliche Géigenden.

Hire Liwensraum sinn déi tropesch Reebëscher, op enger Héicht vun 0 bis 1500 Meter. Si sinn dacks a suppege Géigenden oder no bei Flëss ze fannen. Och an den Dipterocarpaceen-Bëscher kommen se vir.

Liewensweis änneren

Ernierung änneren

Fortplanzung an Entwécklung änneren

 
E jonken Orang-Utan um Bauch vu senger Mamm

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Orang-Utanen – Biller, Videoen oder Audiodateien