D'Orakel vu Klaros, an Ionien, louch ongeféier 55km vu Smyrna ewech a war dem griichesche Gott Apollo gewidmet.

Déi éischt Ausgruewunge goufe vum Fransous Louis Robert (1904-1985) an den 1950er duerchgefouert, zesumme mat senger Fra Jeanne an dem Roland Martin (Histoire de l'urbanisme de la Grèce antique).

De Materielle Kader änneren

Klaros war ni eng griichesch Polis, mä huet eigentlech nëmmen aus Notion bestanen, engem Hafen, a war ofhängeg vun der Stadt Kolophon. Déi zwou Uertschaften hate verschidde Gëtter. Zu Notion gouf d'Athena Polias veréiert, zu Kolophon eng Métèr Antaia. D'Hellegtum, wat déi zwee zesummen haten, war dem Apollo gewidmet.

Klaros selwer war warscheinlech mol keen Duerf mä huet u sech nëmmen aus dem Hellegtum bestanen. Dëst Hellegtum louch an engem hellege Bësch, a warscheinlech war Notion d'Agglomeratioun wou d'Leit sech néiergelooss hunn.

D'Hellegtum selwer ass och net grouss gewiescht, mä souguer d'Orakel vun Delphi hat ni gigantesk Dimensiounen. De Pausanias, am Buch VIII, Vers 28 vu senger Periégesis tes Hellados, erzielt eis vu Klaros a schwätzt vum keelste Floss aus ganz Ionien, deen doduerch fléisst. De Poet Nikandros vu Kolophon war ee vun de Paschtéier vum Apollo zu Klaros, an erzielt eis, datt d'Hellegtum an engem Dall louch. Dëst gëtt vum Réimer Tacitus a sengen Annalen, II, 54, bestätegt.

Dëst Orakel ass zimmlech al an ass nach ëmmer gutt erhalen. Et gëtt schonn an den Homereschen Hymnen (7.-5. Joerhonnert v. Chr.) ernimmt, an zwar am Vers 40 an der Hymn un den Apollo, am Vers 5 an der Hymn un d'Artemis, an am Vers 5 an der Hymn un den Dionysos. Dëst Orakel huet also säit dem Archaeschen Zäitalter existéiert.

Gutt besicht war d'Orakel allerdéngs zu spéideren Epochen. Sou erzielt eis de Pausanias datt den Alexander de Groussen 334 d'Orakel vu Klaros konsultéiert huet, iwwer eng Rekonstruktioun vu Smyrna.

D'Archeologie kann eis nieft eise literaresche Sourcen (Nikandros vu Kolophon, Pausanias, Thukydides) erzielen, datt am Hellenisteschen Zäitalter grouss Konstruktiounen zu Klaros ënnerholl gi sinn.

Nodeem d'Hellegtum am 1. Joerhonnert v. Chr. duerch d'Réimesch Biergerkricher deelweis zerstéiert gouf, ass et am 2. Joerhonnert ënner den Antoniner nees opgebaut ginn, a war am 3. Joerhonnert gutt besicht. Duerno ass et awer zimmlech séier biergof gaangen. No engem Äerdbeben ass den Tempel net méi frësch opgebaut ginn, an am 4. Joerhonnert gouf zu Notion eng chrëschtlech Basilika gebaut, deelweis mat de Steng vum alen Hellegtum.

D'Konsultatioun vum Orakel änneren

Zu Klaros gouf et ee Paschtouer op Liewenszäit, ee Prophet deen all Joer gewiesselt huet, een Thespiod, entweeder op Liewenszäit oder fir eng ganz laang Period an ee grammateus, e Sekretär.

De Prophet huet sech vun der Gottheet inspiréiere gelooss, an den Thespiod, nodeem en d'hellegt Waasser gedronk hat, huet dann d'Äntwerte vum Orakel gesongen. Vläicht war hien et dann och, deen d'Äntwert a Versform bruecht huet, fir se ze sangen. De grammateus huet d'Froen un d'Orakel notéiert an d'Äntwert a schrëftlecher Form nees iwwerbruecht.

D'Orakel gouf emmer nuets konsultéiert, an zwar zu bestëmmten Nuechten. Daagsiwwer goufen Zeremonie veranstalt, wéi d'Affer bruecht, Geschenker néiergeluecht etc. Et kann ee behaapten, datt et zu enger ganzer psychologescher Preparatioun vun de Konsultante komm ass, mat der Nummer vun de verschiddenen Zeremonien, duerch de Fait datt dat Ganzt nuets stattfonnt huet.

D'Orakel war zimmlech populär, an zu de berüümtste Konsultanten zielt de Germanicus, deem d'Orakel gesot huet e géif stierwen. Allerdéngs ass Klaros ëmmer nëmmen e regionaalt Orakel bliwwen a war ni e panhellenescht Orakel wéi Delphi.

Literatur zum Theema änneren

  • Louis Robert, Opera minora selecta, T. 4, Hakkert, Amsterdam, 1974.
  • Juliette de la Genière, Cahiers de Claros.
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.